CFL 1600er Führerstänn

More
21 Jan. 2026 00:20 #6178 by BB3608
Replied by BB3608 on topic CFL 1600er Führerstänn
Gudden Owend;

op daer Foto vun 1964 ass et keen Messenggrëff op der Rumm vun der viischter Fënster ze gesin, mee eng Blend iwert dem Ausströmer fir waarm Loft fir d'Fënster ze enteisen respektiv wann se beschlo ass (sou wéi beim Auto). D'1600er an d'800er haaten vum Wierk aus "Bosch Wagenheizer"   
This attachment is hidden for guests.
Please log in or register to see it.
fir d'Kabinen ze hëtzen an d'Fënsteren frei ze haalen falls se ugelaaf sin. Well déi Apparaten awer scheinbar d'Erwaardungen nët erfëllt hun, sin relativ séier handelsüblech Heizkierper déi mam Motorkillwaasser gespeist goufen, installéiert gin. Op der Beimann-Seit war eng elektresch Fënsterheizung installéiert, déi haut op der 1604 och als Attrapp ouni Funktioun rëm installéeiert ass. Fir d'Pare-Brisen frei ze kréien falls se ugelaaf sin, huet den Atelier dënn Kofferleitungen mat klengen Lächer installéeiert déi mat Drockloft vun der 8-Kilo-Leitung (Conduite Principale) gespeist goufen....iwert en Robinet konnt een d'Loft doséiren. 

Bei der 1604 hun mir bei der Restauratioun nei, komplett elektresch beheizten Pare-Brisen agebaut. D'Glasfirma "Glaverbel" zu Seneffe konnt déi Deeler zu engem korrekten Preis ubidden, well sie baugleich Fënsteren an der Vergangenheet fir DSB an NSB geliwwert huet. D'804 huet par contre déi dënn Loftleitungen un den Pare-Brisen behaal.  

Déi 4 Maschinen sin sëcherlëch am Laaf vun hierer Carrière verännert gin; op der Foto vun 1964 geseit een nach den aalen mechaneschen Teloc RT220 Fahrschreiber, wougéint een op daer vun der Muséee 1603 an 1604 en elektreschen Hasler A28 Indicateur geseit; op dem aaneren Posten war en Indicateur-Enregistreur Teloc RT12. 
Wou een nach eng Verännerung kann erkennen par rapport zum Zoustand 1964 ass eng gro Këscht mat enger Meldelamp an engem Summer tëscht dem Teloc an dem Tableau; daat war d'Répétition Optique des Signaux mat Mémorisatioun vum leschten Viirsignal. Op der 1603 dierft daat haut nach sou sin; d'1604 kruut Mëtt der 2000er den Mémor2+ agebaut.
Ennert daer Këscht geseit een en Dréischalter mat enger Meldeluucht drënner; daat ass den Clignoteur fir datt d'viischt Luchten am Noutfall blënken fir entgéintkommend Zich ze warnen.
Op der 1604 ass dann schlussendlech lënks niewt dem Teloc nach den RST ze erkennen (Radio-Sol-Train; Zugbahnfunk); 1602, 1603 an 1604 hun deen Apparat Mëtt der 80er kritt; d'1601 ass nie domat équipéiert gin. Op der 1603 ass den RST oofgebaut gin wéi se Muséeesmaschin an der Belsch (Vennbahn; lo PFT) gin ass. Op der 1604 ass en duerch den GSM-R ersaat gin.
Aaner markant Verännerung war den Ustrach an der Kabin; original gro (sou wéi haut 1604), am Laaf vun der Zeit sin d'Kabinen bei Revisiounen dun "Reseda-Grün" ugestrach gin. 

MbG

 

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

  • GM1800
  • Topic Author
  • Offline
  • Senior Member
  • Senior Member
More
20 Jan. 2026 14:49 - 20 Jan. 2026 14:51 #6177 by GM1800
CFL 1600er Führerstänn was created by GM1800
Salut, 

Ech hunn hei e puer flott Fotoen vu Führerstänn vun den CFL 1600er fonnt:

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.


Poste de conduite / Führerstand de la locomotive CFL 1603 (Photo: 1964 Nico Lucas)

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.


Poste de conduite / Führerstand de la locomotive CFL 1604 à Luxembourg (Photo 29.4.2000: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein.)

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.


Innenansicht der 64.169 - Innenansicht der ex-CFL 1603 - 1603 wurde zum Teil renoviert und neu angestrichen. (Photo: 4.5.2009 Marc Schomer)



Kann ee mer soen ob et gréisser Ënnerscheeder op de 4 Maschinne goufen, resp wat sech am Laf vun der Zäit geännert huet?

Zb op där Foto vun 1964 ass ee Messengsgrëff op der hëlzener Rumm vun der Frontfënster vun der 1603...  et get een Äschebecher  ...


All weider Foto ass wëllkomm!

Villmools Merci am Viraus!
Last edit: 20 Jan. 2026 14:51 by GM1800.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.163 seconds