Dat do ass eng super Foto aus der Ufankszait vun der lëtzebuerger Eisebunn!!
mat der Lupp krut ech folgend Informatiounen gelies:
Nom de la locomotive: L'Alerte
Numéro de construction: 115 ?
Année de construction: 1851
Constructeur: André Koechlin & Cie, Mulhouse
Et ass also eng Lok vum EST. D'Foto soll jo laut Beschrëftung vun 1871 am Stater Dépôt sin.
Wou war de Stater Dépôt zu där Zait? Dat do war jo d'Zait virun den aalen Rotonden (1875 erbaut). Kinnt d'Foto virum Lokomotivschapp um Dernier Sol gemach gi sin. Dee Schapp gouf kurz no 1876 ofgerappt, hei ee Plang dovun:
Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.
Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.
Ginn ët Fotoën vun dem Lokschapp?
De Fotograf N. Maroldt war vun 1867 un zu Dikkrech, dat giff jo och erausgoën.
Hei eng Foto vun esou enger ähnlecher, awer e bëschen méih jonker, Lok Série EST 0.121 - 0.164 an 0.212 - 0.241:
Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.