Passage à niveau

Mehr
19 Mär 2025 19:10 #6100 von BB3608
BB3608 antwortete auf Passage à niveau
Gudden owend,

ech hun just op engem Iwwersichtsplang vun den "Reichs-Eisenbahnen in Elsaa-Lothringen un der Wilhelm-Luxemburg-Eisenbahnen" vun 4/1914 d'Kilometerpunkten vun denen verschidden Quais de Chargement op daer Streck fonnt:
Lachfeld PK1.273
Tiefenbour PK2.438
Langengrund PK2.980
Kirchberg PK0.520 (vum Quai Langengrund aus gerechent)

Op engem Gleisplang vun Keel-Téiteng vun 1928 ass just den Hutbierg-Tunnel agezeechent an en Passage inférieur um PK 2.599 tëscht dem Tiefenbour an dem Laangengrund

Vun engem PN ass op denen Zeechnungen neischt ze fannen; d'Loftopnahmen um Geoportail sin fir hieren Deel sou onschaarf, datt een beim Vergréisseren neischt erkennt.

Serge
Folgende Benutzer bedankten sich: clauhe

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
19 Mär 2025 18:47 #6099 von admin
admin antwortete auf Passage à niveau
Hei ass d'Äntwert vum Marcel Schlim. Villmools Merci:

Dee PN war um Kp. 2,212 an hat awer mir esou weit bekannt keng Nummer. Haut ass do nach eng Traap fier erop mat engem Gitter, an eng Paart. Um Plang ass de PN ganz rechts drann. Bis dann. Marcel

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.


PN ohne Nummer, Langengrund PK 2,212 - CFL 910 (Photo: September 1997 Marcel Schlim)

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.


De PN war um Kp. 2,212 an hat awer mir esou weit bekannt keng Nummer. Haut ass do nach eng Traap fier erop mat engem Gitter, an eng Paart. Um Plang ass de PN ganz rechts - Plan von 10.1889 (Collection: Marcel Schlim)

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.


Ladestelle Tiefenbour - Um Plang ass de PN ganz rechts - Plan von 10.1889 (Collection: Marcel Schlim)
Folgende Benutzer bedankten sich: clauhe

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
16 Mär 2025 18:20 #6096 von clauhe
Passage à niveau wurde erstellt von clauhe
Gudde ...
Em d'Joer 1882 sollt et op der Streck Tetingen-Langengrund zu Rëmeleng an der heiteger rue du Houblon e passage a niveau gi sinn. Am LW vum 29.9.1966 liese mär dass um Schléiwenhaff, dat ass rue du Houblon, e Wee Richtung "Déifebour" gaangen ass, an hei soll ee " beschrankter Bahnübergang" mat Bahnwärter gewiescht sinn.
Wou war dee genau, bis wéini war deen a Betrieb. Ginn et Pläng, Fotoen dovunner.

Merci fir all Info

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.085 Sekunden
Zum Seitenanfang