Identification photo

Mehr
03 Feb 2022 13:57 #5853 von bertiluis
bertiluis antwortete auf Identification photo
merci fir déi zousätzlech Kommentaren. Ech mengen och déi zwou Fotoen weisen ganz verschidde Maschinnen.
De Wee vun enger Schmuelspuerbunnn kann awer richteg sinn?!
Hoffentlech fannen sech nach weider Indizien fir d'Identifikatioun vun der Maschinn...
Merci op alle Fall

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
03 Feb 2022 08:38 #5852 von cc1818
cc1818 antwortete auf Identification photo
Bei der Foto handelt et sech definitiv net em eng Rhätesch Bunns-Damplokomotiv, do passt einfach Null iwwerteneen.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
02 Feb 2022 23:32 #5851 von Dan525354
Dan525354 antwortete auf Identification photo
Voila

Dieser Beitrag enthält einen Bildanhang.
Bitte anmelden (oder registrieren) um ihn zu sehen.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
31 Jan 2022 20:37 #5848 von bertiluis
bertiluis antwortete auf Identification photo
Merci!
Waat keint daat dann sin, waat wei een Freigestell ausgesait?
Hu dir villeicht eng Foto vun der Rhätescher Bunn? Ech haat den Metten schon nogekuckt awer naischt fond wou ausgesait wei dei Maschinn.
Merci am Viraus
LB

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
31 Jan 2022 20:30 #5847 von Dan525354
Dan525354 antwortete auf Identification photo
Also ewéi ech schon op Fb geschriwen hun,ass daat doen keng Normalspuermaschin,well beim Fuehrwierk alles ze no beieneen ass;vu mier aus geduet ass daat doen eng vun deenen 3 Maschinen,déi vun der Rhätescher Bunn iwerholl gi sin.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
31 Jan 2022 10:39 #5846 von bertiluis
bertiluis antwortete auf Identification photo
Villmols merci fir är Hellef

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
30 Jan 2022 13:56 - 03 Feb 2022 07:59 #5845 von jmo
jmo antwortete auf Identification photo
De béidsäiteg mat Blech emginnen Handlaff fir an d'Kabin ze klammen kinnt hëllefen dës Dampmaschin ze identifizéieren, well dëst ass méih rar:


Dat riets kinnt effectif een Deel vun engem Humpen , oder soss engem Won mat engem beweglechen Deel, zb Talbot sinn.

Dieser Beitrag enthält einen Bildanhang.
Bitte anmelden (oder registrieren) um ihn zu sehen.

Letzte Änderung: 03 Feb 2022 07:59 von jmo.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
24 Jan 2022 19:50 - 24 Jan 2022 19:51 #5844 von Hipp
Hipp antwortete auf Identification photo
Kinnt dat nët op engem Schlaackentipp sinn? Ass dat riets nët een Dréihgestell vun engem Humpen?

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.

Letzte Änderung: 24 Jan 2022 19:51 von Hipp.
Folgende Benutzer bedankten sich: bertiluis

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
24 Jan 2022 15:40 #5843 von bertiluis
bertiluis antwortete auf Identification photo
Gudden Metteg
Merci fir aer Äntwert. Entschellegt fir déi schlecht Qualitéit vun der Foto gëschter. Hei sinn besser Fotoen, inkl. Detailfoto'en. Leider kann ech keng Inscriptioun oder soss eppes erkennen. Et steet leider och guer näischt hannen op der Foto.
Merci an schei Greiss
Luis





Dieser Beitrag enthält Bilddateien.
Bitte anmelden (oder registrieren) um sie zu sehen.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
24 Jan 2022 15:21 #5842 von GM1800
GM1800 antwortete auf Identification photo
Dat do ass schwéier. Ass ët net méiglech eng besser (richt) Foto derbai ze setzen, mat vlaicht e puer Detailfotoen? Kritt een op der Originalfoto keng Nummer nierwend der Führerstanddiir gelies?

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
23 Jan 2022 18:15 #5840 von bertiluis
Identification photo wurde erstellt von bertiluis
Gudden Owend
Ech erlaben mer dës Foto ze deelen fir ze wëssen ob ee vun de Membere vum Forum eng Ahnung hätt vun der Plaz an der Zäit wou dës Foto gemaach gouf. A priori kënnt dës Foto aus dem Grand Hotel d'Echternach?! D'Foto kéint also an der Ëmgéigend gemaach ginn.
Merci op alle Fall
LB

Dieser Beitrag enthält einen Bildanhang.
Bitte anmelden (oder registrieren) um ihn zu sehen.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.136 Sekunden

rail.lu RSS

Zum Seitenanfang