Waassertuerm zu Fouhren op der Gare?

Mehr
05 Jul 2024 07:37 #6029 von Moulinex
Moulinex antwortete auf Waassertuerm zu Fouhren op der Gare?
Villmools Merci!

Ech muss do nach ee beschen noforschen. Et war kee Waassertuerm, mais ee niedrege Basseng an der Géigend vun der Gare. Op wéi enger Säit vun de Gleiser stung d'Fourener Gare Riichtung Veianen? Riets?

BG,

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
22 Jun 2024 14:20 #6023 von jmo

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.


© Origine Administration du Cadastre et de la Topographie Luxembourg (ACT) - Extrait de la carte topographique à l'échelle 1: 25.000 édition 1954 - Autorisation de publication du 20.10.2010.»

Op der Kart vun 1954 ass zu Furen riets ee Reservoir (giele Punkt) agedroen, ass dës Plaz gemengt?

D'Furener Gare war beim giele Punkt méi an der Mëtt, dëst wier zimmlech wäit vun der Gare ewech, esou dat ech éischter unhuelen dat dëst de Reservoir fir d'Drënkwaasserversuergung war.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
21 Jun 2024 20:32 #6022 von clauhe
clauhe antwortete auf Waassertuerm zu Fouhren op der Gare?
Gudden Owend

Am Buch " Schmalspurbahnen in Luxemburg" Band 1 vum Ed. Federmeyer a vum GAR erausginn, liese mär op der Säit 181 dass op der Streck Diekirch - Vianden am Joer 1941 just zu Diekrech an zu Veianen e Waasserkran stung.
- Diekirch, 1 Wasserkran mit Wasserbehälter und direktem Anschluß an die Wasserleitung
- Vianden, 1 Wasserkran mit Wasserbehälter für 1.500 Liter und Anschluß an die Wasserleitung
- Station Fouhren, 1 Stationsgebäude mit Warteraum und Gepäckraum.
Op der Säit 170 liese mär dass zu Fouhren och nach " 1 Ladequai nebst Rampe" war.
Op der Säit 175 liese mär dann och dass zu Fouhren eng vun den 13 Weichen installéiert war.

Mä villächt wees nach ee méi iwwer dess Station.
mbG

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
11 Jun 2024 18:51 - 11 Jun 2024 19:13 #6021 von Moulinex
Waassertuerm zu Fouhren op der Gare? wurde erstellt von Moulinex
Gudden Owend,

Ech hun héieren zu Fouhren op der Gare vum Benni hät ee Waassertuerm gestannen fir d'Damploken mat Waasser ze versuergen.

Stëmmt dat? Wa jo, ginn et Fotoen dovun?

Villmools Merci am Viraus!

BG,
Letzte Änderung: 11 Jun 2024 19:13 von Moulinex.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.091 Sekunden

rail.lu RSS

Zum Seitenanfang