Adressen vun den Eisebunns-Direktiounen

Mehr
14 Nov 2024 10:42 - 14 Nov 2024 19:23 #6047 von BB3608
Moien,

am Buch "100 Joër Handwierkerschoul" gët och explizit erwähnt datt: "1953-1958 La nouvelle aile, rue des Cerisiers, est occupée par la direction des CFL qui doit quitter la place de Bruxelles pour faire place à la Haute Autorité de la CECA".

Ech denken datt un daer Theorie mat der Handwierkerschoul dach eppes muss drun sin, och wann nëmmen verschidden Servicer do ënnerbruecht waren, wéi z.B. den MT, den Matériel et Traction, wou beim Kaaf vun den 1020er jo Courrier an d'rue des Cerisiers gaangen ass.

Serge

Link op den Historique vum L(T)AM
Letzte Änderung: 14 Nov 2024 19:23 von BB3608.
Folgende Benutzer bedankten sich: jmo

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
14 Nov 2024 09:36 - 14 Nov 2024 09:42 #6046 von jmo
Villmools Merci Serge!

D' Direction des CFL war, laut LW - Artikelen effectif vun <=8.1952 bis >=8.1957 op 17 rue du Nord


Ech froe mech ob déi Info mat der Handwierkerschoul stëmmt... oder wéi e Service vun der CFL do war.


Hei nach e puer Infos iwwert d'CFL-Direktioun op 9 place de la Gare:

15.8.1956: Arbeitsbeginn

Die Arbeiten an dem neuen Direktionsgebäude begannen am 15. August 1956. Die Fundamente mußten mit Pickhammer aus dem Felsen gehauen werden, da Sprengungen laut dem Gutachten des Herrn Lucius nicht zulässig waren. Nachdem 2.500 Kubikmeter Felsmassen auf diese Weise ausgehoben worden waren, konnte im Monat März 1957 mit dem eigentlichen Bauwerk begonnen werden. Der Westflügel wurde mit 6 Etagen, der Nordflügel mit 8 Etagen geplant, im Jähre 1958 wurden zusätzlich 2 Etagen hinzugefügt. So beträgt die Höhe des großen Flügels nun mit 10 Stockwerken 41 m, diejenige des kleinen Flügels 25 m mit 8 Stockwerken. Der umbaute Raum umfaßt 54.000 Kubikmeter und stellt 300 Büros mit Hausmeisterwohnung, Garagen, Keller, Aérogare und Konferenzsäle zur Verfügung. Das 10. Stockwerk wird als Kasino ausgebaut und soll zu einem Treffpunkt internationalen Ranges, mit Aussicht über das weite Land gemacht werden. Der moderne Bau wird aus insgesamt 800 Fenstern sein Licht beziehen, ist mit Strahlungsheizung und einer auf Lufschutzzwecken eingerichteten Kellerdecke versehen. (LW: 12.12.1958)

11.12.1958: Straussfeier des neuen Eisenbahn-Direktionsgebäudes in Luxemburg-Bahnhof
Letzte Änderung: 14 Nov 2024 09:42 von jmo.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
13 Nov 2024 21:10 - 13 Nov 2024 22:45 #6045 von BB3608
N'owend,

an den Dokumenter bezüglech d'Liwwerung vum Lokotrakter 1021 hun ech en Bréif vun der Firma Henri Reding vum 21.11.53 un den Service Matériel et Traction, Groupe III, fonnt, adresséiert un eng Adress an der rue des Cerisiers um Lampertsbierg. Eng Hausnummer ass awer nët uginn.Et sin och nach weider Bréifer ze fannen mat daer Adress. Et sin awer och 1955 nach Bréifer ze fannen mat daer Adress; entweder war den Adressewiessel nach nët bei den concernéierten Firmen ukomm, oder et war nach nët geplënnert gin. Et sin awer och Bréifer am selwechten Kontext ze fannen, adresséiert un 62, rue de Bonnevoie. Daat misst den Atelier gewiescht sin.
Am Kaafvertrag vun dem selwechten Lokotrakter ass als Adress vum CFL Verwaltungsroot folgend ugin: 17 rue du Nord
D'Confirmatioun vun der 'Bestellung vum 1022 den 6.4.56 ass vun der Firma Deutz dun awer un den 2, Place de Metz gaangen...do mussen d'Servicer vum MT dun an der Direktioun vereenegt gin sin.
Hoffen gehollef ze hun
Serge
Letzte Änderung: 13 Nov 2024 22:45 von BB3608.
Folgende Benutzer bedankten sich: admin

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
12 Nov 2024 14:01 - 12 Nov 2024 20:14 #6044 von admin
Adressen vun den Eisebunns-Direktiounen wurde erstellt von admin
Mir sichen déi verschidden Adressen vun de verschiddenen Eisebunns-Direktiounen zu Lëtzebuerg:

hei e puer Beispiller:

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.


Vu wéini un ass d'Direction des CFL elo op 16 boulevard d'Avranches? 11.12.2023?

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.


1958? - 10.12.2023?: Direction des CFL, Luxembourg, 9 place de la Gare

1953 - 1958: La direction des CFL déménage à l' Ecole d'Artisans de l'Etat (car l'ancienne direction de la place de Metz est occupée par la CECA ). Hei wier et interessant ze wëssen a wéi engem Deel vun der Handwierkerschoul d'CFL woar.

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.


1911 - 1940: Administration des chemins de fer Guillaume-Luxembourg, 2 place de Metz, Luxembourg

<=1916, 1923: PH (1868-1877-1940-1948) : Siège social: 1 Avenue de la Porte Neuve, Luxembourg (~1928: = coin 19 avenue de la Porte-Neuve et rue des Bains)
<=1909, 1911: Chemins de fer Guillaume Luxembourg - Wilhelm Luxemburg Eisenbahnen: Luxemburg, 5 Adolfavenue (= 41 Nei Avenue)



<=1907: Bureau der Eisenbahn-Verkehrs-Inspektion: 23 rue Notre Dame (Enneschtgaass) (= fréier: 43 rue Marie-Thérèse )

<=1907: Direktion PH (1868-1877-1940-1948) : Luxembourg, 19 Boulevard Royal

<=1907: Direktion der Reichseisenbahn, Luxembourg, 30 Boulevard Royal



26.4.1913: Chemins de fer Secondaires Luxembourgeois - CSL / Luxemburger Sekundärbahnen - LSB (1880-1934), local de la société: rue Elisabeth, Luxembourg

7.1934, 1935, 1938: Direction des CVE - Chemins de Fer à Voie Etroite (1934-1942) : 84 route de Thionville, Bonnevoie , tél: 6196

??? : rue des Roses, Limpertsberg


Villmools Merci am Viraus fir all Info - Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!
Letzte Änderung: 12 Nov 2024 20:14 von admin.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.100 Sekunden

rail.lu RSS

Zum Seitenanfang