Et missten sech dach genuch Plazen am Minett fannen wou een esou e Musée kinnt bauen. Zu Péiteng am Triage (wou net méi ganz vill triéiert gett), oder um Belval, oder um Terres Rouges, ... Mee schlussendlech ass et eng Fro vum Geld. An daat investéiere mer léiwer an e Festungsmusée dee seit Joeren fäerdeg ass, mee wou näischt dran ass. Leider kann een do hechstens eng Modell Lokomotive histellen.
Bonjour.
Et ass gudd dass d'Eisebunnsfrenn erkennen wei enk et mat der geschützter Plaatz fier Eisebunnsmaterial ass. Ech well just soen dass zu Peiteng guer keng Plaatz ass. Dei aal Schmett am Atelier Peiteng, doo wou dem SSMN sein Materiaal steet ass komplett voll, sou dass d'Remorque Décauville an den Henschel 1011 schons mussen dobaussen stoen ennert engem Vierdaach. D'Problematik get nach mei grave wann bis eng 1800er derbei kennt. Am Atelier Peiteng ass keng Plaatz mei, an an den Haalen vun der Eucosider ass och neischt ze maachen, well ARCELOR Mittal dess Haalen net fier den gudden Zweck well zur Verfügung stellen.
Affaire à suivre
Et ass natierlech gutt wann d'5519 ënnerdaach steet. Awer deen dote Schapp ass alles anescht wéi epochegerecht.
Ech stelle mir scho méi laang d'Fro, firwat e Land wéi Lëtzebuerg et net fäerdegbréngt, op engem eenzege Site sämtlecht historescht Material zesummenzezéien a mat engem nationalen Eisebunnsmüsee ze verbannen?
Als ideal Plaz fir esou e Müsee geséich ech Péiteng, an zwar aus verschiddene Grënn. Péiteng ass éischtens eng typesch Eisebunnerstad, zweetens ass de Fond-de-Gras an direkter Noperschaft, an drëttens misst ménger Meenung no zu Péiteng déi néideg Plaz sinn.