Luxuszug "Ost - West Express" Moskau - Paris

Plus d'informations
22 Déc 2011 15:39 #385 par Claude Oswald
Réponse de Claude Oswald sur le sujet Re: Luxuszug "Ost - West Express" Moskau - Paris
Deen Zuch ass bestëmmt eng interessant Saach ... allerdings ass d'Verbindung Moskau - Westeuropa näischt Neies.

Mir haten am Summer dëst Joer Besuch aus Russland. Méng Schwéiesch ass mam Zuch vu Moskau op Köln gefuer komm ; respektiv war dat en direkte Kurswon dee vu Moskau iwwer Köln op Amsterdam gelaf ass.

Aus Lëtzebuerger Siicht ass den neien Ost-West-Express wahrscheinlech méi interessant, well hien iwwer Metz fiert. D'Gare Metz ass haaptsächlech fir déi Stater Leit an déi Leit aus dem Minett besser ze erreechen, wéi de Kölner Hauptbahnhof. Méng Schwéiesch freet sech elo schonn, wa si dat anert Joer mam Zuch vu Moskau op Metz fuere kann.

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
22 Déc 2011 08:52 - 22 Déc 2011 10:38 #381 par h3608
Salut,

E Samsten stung ee Artikel iwert den Luxuszuch "Ost - West Express" Moskau - Paris am Wort.

Dësen Zuch ass den 12.12.2012 fir d'éischt ërem tëschend Moskau a Paréis gefuer.

Départ waißrussesch Gare (Moskau) Méindeg: 8h51
Arrivée Paris - Gare de l'Est: Dënsten: 20h31

Streck: 3177 km, 38 h 40 min

Arrêtën: Smolensk, Brest, Warschau, Posen, Frankfurt/Oder, Berlin, Frankfurt/Main, Mannheim, Saarbrücken (technischen Arrêt), Metz.

Den Zuch fiert 3 x an der Woch, am Summer soll een 5 x fueren. Bis Enn dës Joërs ass een ausgebucht.

Prais / Persoun sin 124 € (Studenten / Senioren), 330 € (Normalprais), 1050 € (Luxuscompartiment).

Vu Lëtzebuerg brauch een also just bis op Metz ze fueren fir matzefueren.
Dernière édition: 22 Déc 2011 10:38 par adminv15.

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Temps de génération de la page : 0.166 secondes