Knoflacher: Das Auto macht uns total verrückt

Plus d'informations
23 Fév 2012 12:27 #753 par Claude Oswald
Réponse de Claude Oswald sur le sujet Re: Knoflacher: Das Auto macht uns total verrückt
De Professer Knoflacher stung och méi oder wéineger um Ufank vun der Tram asbl. Hien huet eng Etüd iwwert d'Machbarkeet vun engem modernen Tram an der Stad Lëtzebuerg gemaach, déi vum Mouvement Ecologique, vum Oeko-Fonds a vun der Tram asbl finanzéiert gouf, an déi den 21. Februar 1992 - virun 20 Joer ! - am Stater Theater virgestallt gouf.

Déi politesch Parteien déi d'Tram asbl duerno kontaktéiert huet, hunn och méi oder wéineger positiv reagéiert ... mam Resultat dat mer haut kennen, nämlech dass den Tram ëmmer nach net fiert.

Lëtzebuerg ass zwar vläicht dat Land mat de kuerzer Weeër, awer et brauch alles immens laang Zäit, bis eppes un d'Rulle kënnt. Dat huet och de Grand-Duc Jean bei Gelegenheet festgestallt, wéi hie sech zum Tram geäussert huet, dass d'Lëtzebuerger zimmlech konservativ wieren, wann eppes hir Gewunnechte stéiert.

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
17 Fév 2012 15:37 - 18 Mar 2012 20:49 #725 par jmo
Den Hermann Knoflacher wor ee Méinden op Invitatioun vum Sivicol zou Lëtzebuerg.

Hei sinn e puer Froen déi hien stellt:
Ass ët normal, dat een bei enger Wunnengssich éischter no enger Platz fir den Auto, ewéi no enger Spillplatz fir d'Kanner kuckt?
Ass ët normal, dat mer eis domat offannen, dat all Woch e puer Lait op eise Stroossen stierwen?
Komme mer hautzudags méih séier op eis Schaff oder bei de Bäcker ewéi fréier?
Gewanne mer Zait duerch déi gréisser Vitessen?
Ass d'Liewen méih gemittlëch gin?

Hei e puer interessant Linken fir déi déi d'Iddien vum Här Knoflacher nach nët sollte kennen:


Das Auto macht uns total verrückt

Hermann Knoflacher: Virus Auto. Die Geschichte einer Zerstörung
Dernière édition: 18 Mar 2012 20:49 par jmo.

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Temps de génération de la page : 0.155 secondes