Treppeltuer duerch de Minette

Plus d'informations
17 Jul 2018 21:40 #5185 par clauhe
Treppeltuer duerch de Minette a été créé par clauhe
Am Kader vun der Aktioun Guide for one Day oder Guide fir een Dag vum Wirtschaftsministère bidden ech als Guide een Treppeltuer duerch de Minette un.( +- 7km ) Sonndes den 29. Juli, den 19. August an den 9. September um 9 Auer 30 geet et zu Remeleng um Parking vum Musée des Mines lass. De Wee féiert eis duerch den aalen Escherwee iwwert den Arbed's Haff bis bei Léiffrächen. Da geet et durch dat grousst Dagebaugebitt nees zereck. Dat Ganzt mat fillen Erklärungen an Anektoten. Wann dier also Zäit an Interessi hut da meld ich nach Haut un um www.GuideForOneDay.lu
PS Wann een Dag complet soll sinn, dir awer gären mat gitt, da sot mär einfach bescheet op claude.hermes@pt.lu
Merci a vilächt bis dann

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Temps de génération de la page : 0.147 secondes