D'Ennerscheeder CFL cargo 1500 an CFL cargo 1580

Plus d'informations
30 Aoû 2012 10:33 #1480 par wagm
Moien,

d'Brems ass bei den 1580er och e bessen anescht wei bei den 1500er. An Frankreich mussen d'Maschinnen Bremsklätz hun, vir d'Rieder "propper" ze reiwen weinst dem Gleisstroumkrees. Och den Opbau vun der Brems ansech ass anescht, well an Frankreich aaner Virschrefte sin.

Um Emlaaf ass och eng Kescht, dodranner ass en klengen Diesel, deen d'Batterien speise soll wann de platt wiren (ze laang oofgestallt oder esou..). Dat ass och Virschreift a Frankreich
Les utilisateur(s) suivant ont remercié: Tom2001

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
30 Aoû 2012 08:30 #1478 par Tom2001
Mir ass opgefall dat d'Bremsgewicht bei den 1580er (masse freinée) bei Persounenzich a Frankraich 100 t an an Daitschland nëmmen 88 t ass.

Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.



Wéi ee Grond kann dat hunn?

Villmols merci am Viraus!

Tom

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
30 Aoû 2012 07:11 #1477 par Jos K
Villmols merci fir all déi Infos!

Wann ët soss nach gréisser Ennerscheeder gin, giffen déi mëch och interesséieren.

Jos

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
29 Aoû 2012 17:18 #1471 par DenTuteBatti
Réponse de DenTuteBatti sur le sujet Re: Aw: D'Ennerscheeder CFL cargo 1500 an CFL cargo 1580
Nowend bei den 1500 an 1580 ginn et streng geguckt vill ennerfamillien. Wann et een interessiert kann ech do e puer detailer matdeelen.
DTB

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
29 Aoû 2012 10:16 #1469 par gilyv051
Réponse de gilyv051 sur le sujet Aw: D'Ennerscheeder CFL cargo 1500 an CFL cargo 1580

Jos K écrit: Wat ass eigentlëch déi sëlweresch Këscht op der Kabine vun den 1580er?


Moien,

di Këscht um Daag ass d'Klimaanlag.

1500er a 1580er hunn och eng ennerschiddlech Bremsanlag.

Yves

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
29 Aoû 2012 07:07 - 29 Aoû 2012 07:08 #1468 par Jos K
Salut,

Wat sinn d'Ennerscheeder tëschend den CFL cargo 1500er an den CFL cargo 1580er?

D'CFL cargo 1580 huet KVB (Contrôle de Vitesse par Balises), dierf als och a Frankraich fueren, d'1500er nët.

Um UIC Raster op der Sait vun den 1580er Loken ass dat jo och ze gesin, F, L, D:

Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.



Vun ennen ass d'KVB - Antenne bei den 1580 ze gesinn:

Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.



Wat ass eigentlëch déi sëlweresch Këscht op der Kabine vun den 1580er?

Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.


Ass dat d'Steierelektronik vun dem KVB?

Ginn ët soss nach Ennerscheeder?

Villmols merci am Viraus!

Jos
Dernière édition: 29 Aoû 2012 07:08 par Jos K.

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Temps de génération de la page : 0.175 secondes