5519 a Spuer N ?

Plus d'informations
22 Fév 2016 22:24 #4276 par nbunner
Réponse de nbunner sur le sujet Re: 5519 a Spuer N ?
Gudden Owend,

Arnold huet elo emol eng DR Versioun vun der 42 ugekënnegt. Wann ech richteg informéiert sinn ( Damplokomotiven sinn op mengem Réseau nët vertrueden an ech kënne mech domat nët esou gutt aus) soll DB Versioun spéider eng Kéier kommen. Um däitschen N Forum hunn ech gelies, déi Maschinnen hätten en anere Kessel gehat. Fir d'Puristen nët ze enttäuschen, misst een ënner anerem wësse, wat fir ee Kessel di lëtzebuergesch Lokomotiven haten.

Dat selwegt gëllt och fir d'V36 403 vun Hobbytrain. Ech plangen, aus deeër eng CFL 455 an der Museumsversioun vum Sites et Monuments ze maachen oder maachen ze loossen. Vir um Kühler huet déi Maschinn en Opsaz, deen den CFL 455 net hat. Dëse Modell kann ech no liichten Ännerungen (schwaarze Chassis a schwaarz Rieder) dann och op méngem Réseau an Epoch III/IV asetzen. Ech si kee Purist wat di aner Détailler vun der lëtzebuergëscher Versioun uginnn, wier awer frou se gewuer ze ginn.

Mat beschte Gréiss

Pol

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
22 Fév 2016 11:16 #4275 par Danger UXB
5519 a Spuer N ? a été créé par Danger UXB
Ech hu gelies, Arnold géif eng BR42 a Spuer N erausginn (a verschiddenen Ausféierungen).
Dorënner och eng ganz am Schwaarze vun der DRB.
Kënnt een doraus eng „5519“ maachen?

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Temps de génération de la page : 0.148 secondes