DB BR 184 zu Lëtzebuerg?

Plus d'informations
12 Avr 2022 15:48 #5894 par RV
Réponse de RV sur le sujet DB BR 184 zu Lëtzebuerg?
Ech kan mech ereneren dass öm 1976 DB 184 gelegentlech an der Mettesstonn un der Zuchkoppel Frankfurt-Letzebuerg-Frankfurt gelaaf sinn.

Och DB 181.0 an 181.1 sinn u Sonnerzich op Letzebuerg komm.

Op je eng DB 182 (E320) op Waaserbelleg oder Letzebuerg komm ass, wees ech net ...
Les utilisateur(s) suivant ont remercié: Blacky

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
12 Avr 2022 15:30 - 23 Avr 2022 19:00 #5893 par Blacky
Réponse de Blacky sur le sujet DB BR 184 zu Lëtzebuerg?
Salut Mike

Säuferzich wuaren Zuch déi virun allem aus dem Ruhrgebiet an Richtung vun den Wäibaugebieter gefuer sinn. Des Zich sin meschtens Samsdes gefuer mat Aller mueres an Retour am Nomëtten, et goufen der och wou den retour Sonndes wuar. DB huet se "Gesellschaftssonderzug" genannt. Dofir Säuferzich, well Clientel méi oder manner ernichter erageklomm ass an owes doheem alkoholiseiert ukoumen.
Bei Googel einfach Säuferzug oder Gesellschaftssonderzug aginn.
Haut bitt nach Müller-Touristik vun Münster dess Zich als Partyzug un.

Notraag: Sich moll no Zich mam Begreff Deutsche Weinstrasse, resp folgenden Link: www.museumseisenbahn-hanau.de/aktuelles/2020/die-rueckkehr-der-deutsche-weinstrasse-wagen-erster-akt .
Dann versteet en och firwaat Säuferzüge.
Dernière édition: 23 Avr 2022 19:00 par Blacky.

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
11 Avr 2022 18:33 #5892 par MAB
Réponse de MAB sur le sujet DB BR 184 zu Lëtzebuerg?
Merci Blacky.

A wat sinn Säuferzich? Zich mat Kesselween?

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
11 Avr 2022 17:57 #5891 par Blacky
Réponse de Blacky sur le sujet DB BR 184 zu Lëtzebuerg?
Salut Mike

Hei en Bild aus dem Dépôt, et ass mMëtt den 90 Joeren an demols sinn 184 dacks mat sou genannten Säuferzich op Letzebuerg komm. Dess Zich koumen um Weekend.
Les utilisateur(s) suivant ont remercié: MAB

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
11 Avr 2022 16:27 #5890 par MAB
DB BR 184 zu Lëtzebuerg? a été créé par MAB
Gudde Mëtteg,

Déi däitsch Europa-Lokomotiven vun der BR 184 waren ëm 1970 wéineg erfollegräich an der Belsch ënnerwee. Dono kruten se de Gläichstroum-Apparat erausgeholl a waren an den 80er an den 90er Joren vun Tréier aus am Asaz, haaptsächlech Richtung Apach (F), awer och bis op Waasserbëlleg.

Weess een, ob déi Lokomotiven méi wäit an d'Ländchen eragefuer sinn wéi nëmme bis op Waasserbëlleg?

Merci am Viraus, mat léiwe Gréiss,
Mike

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Temps de génération de la page : 0.182 secondes