Stellwierker vun Dummeldeng

Plus d'informations
08 Mai 2017 22:36 #4735 par jmo
Réponse de jmo sur le sujet Stellwierker vun Dummeldeng
Hei ass nach ee bessert Bild (vum Serge) vum Stellwierk vis-à-vis vun der Dummeldenger Gare:

Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.


Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.



Villmols merci!

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
13 Mar 2016 21:56 - 14 Mar 2016 10:56 #4296 par RV
Réponse de RV sur le sujet Re: Stellwierker vun Dummeldeng
Um PSS (Plan de Situation Signalisation) vun Dummeldeng, den vum 1.9.1947 un d'Modificatiounen vum PD Dommeldange documenteiert, ass eendeiteg nemmen Rieds vum PD, den also d'ganz Zeit muss an der Gare gewierscht sinn. Just daat Stellwierk bei der CASA ass den 14.5.1950 vum Poste de manoeuvre op Poste d'assentiment "avanceiert".

Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.



Seit dem 1.9.47 ass kén Stellwierk zu Dummeldeng als "supprimeiert" dokumenteiert, sou dass zu dem Zeitpunkt daat verschwonnend Stellwierk net mei aktiv war. Et ass also speitestens den 31.8.1947 stellgeluegt ginn, vleicht awer och freier.

Ze klären bleiwt also, weini d'Stellwierk effectiv virun dem 1.9.1947 stellgeluegt ginn war an weini et physesch ofgerappt ginn ass. Ech hun bis elo kén Hinweis fonnt, dass et am September 1944 vun der Wehrmacht zersteiert ginn wär.
Dernière édition: 14 Mar 2016 10:56 par RV. Raison: Ortho
Les utilisateur(s) suivant ont remercié: cc 14100

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
13 Mar 2016 19:40 - 13 Mar 2016 19:43 #4295 par cc 14100
Réponse de cc 14100 sur le sujet Re: Aw: Stellwierker vun Dummeldeng
Gudden Owend,

Wei ech schonn am Message #4055 geschriwwen hunn, stoung dat Stellwierk niewent dem Gebai wou haut den Institut Emile Metz dran ass, 1955 net méi.

Dat gesäit en och op der éischter Foto vum Message #4103.
Dernière édition: 13 Mar 2016 19:43 par cc 14100.

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
12 Mar 2016 19:48 #4290 par RV
Réponse de RV sur le sujet Aw: Stellwierker vun Dummeldeng
Geschter hun ech eng nei Informatioun zu dem Dummeldenger Posten vun engem pensionneierten Eisebunner (Jorgang ca. 1937) a laangjähregen Personalvertrieder kritt:

Dono war daat Stellwierk niewend dem Institut Minimum bis Enn 50er Joren a Betrieb an war e Poste de manoeuvre resp. Poste d'assentiment; den Fahrdienstleiter suetz och dunn schons am Bâtiment Voyageur.

Op engem Plan de Situation vum Guillaume Luxembourg aus dem Joer 1928 ass dat Stellwierk och schons nogewisen.
Les utilisateur(s) suivant ont remercié: BB3608

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
19 Fév 2016 22:34 #4267 par RV
Réponse de RV sur le sujet Aw: Stellwierker vun Dummeldeng
Ech hun elo op engem Dokument vun Mett der 80er Joren fonnt, dass daat Rangeierstellwierk vis-à-vis der CASA d'Bezéchnung Pm2 haat. War also daat verschwonnend Stellwierk an der Logik den Pm1? Dann hät den Fahrdienstleiter emmer an der Gare gesiess oder war dat verschwonnend Stellwierk den PD Dommeldange an an der Gare war de Pm1. Beides ass net vun der Hand ze weisen.

Vielleicht huet én nach en Appendice au Livret de la Marche des Trains (LMT) vun ca. 1950. Do könnt én eventuell eng Äntwert fannen ...
Les utilisateur(s) suivant ont remercié: jmo, BB3608

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
07 Déc 2015 18:30 - 07 Déc 2015 18:34 #4103 par jmo
Réponse de jmo sur le sujet Stellwierker vun Dummeldeng
Hei ee klenge Resumé vun de Recherchen iwert dat onbekannte Stellwierk zu Dummeldeng:

Op eng Loftopnahm vun 1951 schingt d'Stellwierk well fort ze sin:

Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.



Op dësem Bild vun ëm 1930 vun der Dummeldenger Schmelz ass d'Stellwierk ze gesin, riets dovun e Gebai vum Institut Emile Metz dat 1921-1922 gebaut gouf.

Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.



Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.


Hei d'Stellwierk mam Chantier vun dem Gebai vum Institut Emile Metz dat 1921-1922 gebaut gouf.
Dernière édition: 07 Déc 2015 18:34 par jmo.

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
24 Nov 2015 21:52 #4072 par adminv15
Réponse de adminv15 sur le sujet Stellwierker vun Dummeldeng

Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.


Hei nach eng Foto am PD Dommeldingen wou just den Streckenblock bedéngt gët. an zwar um 29.10.1987 wéi den Datum um Tableau des avis beweist.

Armand Schilling
Les utilisateur(s) suivant ont remercié: jmo

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
22 Nov 2015 21:11 #4065 par RV
Réponse de RV sur le sujet Stellwierker vun Dummeldeng
Uewen lenks am Bild de groen Waggon ass dat elektromechanesch Stellwierk, waat kurz Zeit den PA Dummeldeng ersaat huet.
Les utilisateur(s) suivant ont remercié: jmo

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
22 Nov 2015 20:56 #4064 par Robbes
Réponse de Robbes sur le sujet Stellwierker vun Dummeldeng
Gudden Owend,

Als Prezisioun wëll ech hei festhaalen, dass mein Beitrag 4052 sech nëmmen op d'Manöverstellwierk vun der faarweger Foto bezitt.

Un d'Stellwierk op der schwarz-weisser Foto (also déi aaner Säit vun der Gare) kann ech mech nëtt erënneren. Also as dëst schons virun méi ewéi 40 Joer verschwonnen. Wann den Kollég cc14100 schreiwt et hätt 1955 nëtt méi do gestaanen, da kann daat ganz gudd méiglech sin.
Les utilisateur(s) suivant ont remercié: jmo

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
22 Nov 2015 20:41 - 22 Nov 2015 20:43 #4063 par adminv15
Réponse de adminv15 sur le sujet Stellwierker vun Dummeldeng

Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.


Eng Foto vum Dummeldenger Stellwierk PK-21,480 vum Oktober 1987, een Mount virun sèngem Ofress. Um Poteau vum Flügelsignal schon een neit Liechtsignal.

Armand Schilling
Dernière édition: 22 Nov 2015 20:43 par adminv15.
Les utilisateur(s) suivant ont remercié: jmo, cc 14100

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
22 Nov 2015 20:36 #4062 par RV
Réponse de RV sur le sujet Stellwierker vun Dummeldeng
Foto 3 misst 1928 oder mei speid geknipst sinn, well de Charly ass schons elektresch; Foto 5 mei frei well zu Dummeldeng VE sinn nach keng Oberleitungsmasten
Les utilisateur(s) suivant ont remercié: jmo

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
22 Nov 2015 19:39 #4056 par jmo
Réponse de jmo sur le sujet Stellwierker vun Dummeldeng
Hei sin nach e puer Fotoën vun dem Stellwierk:

Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.


Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.


Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.


Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.


Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.
Les utilisateur(s) suivant ont remercié: cc 14100

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
22 Nov 2015 19:33 #4055 par cc 14100
Réponse de cc 14100 sur le sujet Stellwierker vun Dummeldeng
Gudden Owend,

Déi Foto déi eis hei virleit ass wuel aus den 1920er Joeren, wei verschidden Elementer et erginn.

Et schéngt mir méi virsiichteg ze sinn net auszeschléissen, dat deemools dat Stellwierk wuel do stoe konnt.

Ech hunn déi Foto an enger besserer Opléisung gesinn, an do schéngt et mir net datt dat Stellwierk eran retouchéiert ginn wier.

Aus wat fir engem Grond sollt en dat Stellwierk wëllen eran retouchéieren.

Kloer ass, datt am Fréijoer 1955 dat Stellwierk net (méi) do stoung.
Les utilisateur(s) suivant ont remercié: jmo

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
22 Nov 2015 17:04 - 22 Nov 2015 17:34 #4054 par RV
Réponse de RV sur le sujet Stellwierker vun Dummeldeng
En Plan de Situation Signalisation vun 1966 schwetzt just vum PD Dm (Poste Directeur Dommeldange) an der Gare um PK 20,830 an em PA Dm (Poste d'Assentiment Dommeldange) bei der speiderer CASA um PK 21,480.

En Mini-Stellwierk (chevalet), am Fong just e Schaaf mat enger Schlüsselsperre war bei den Weichen 10, 11, 12 fir an den Güterhaff um PK 21,0

Am Rescht mengen ech, mir schwätzen laanscht eneen:

Op der S/W-Foto erkennt én, wann én gudd kuckt, op der Heicht, wo haut aus der rue Nennig d'Entrée fir den Institut Emile Metz ass, e Stellwierk am Stil vum Stellwierk Letzebuerg-Sud (SA). Hei behaapten ech, dass et eng Retouche ass.

Am Gebai vun der Dummeldenger Gare war den Poste Directeur (Fahrdienstleiter Stellwierk, op daitsch Befehlsstellerk). Hei gouwen sämtlech Weichen um Südkapp an och sämtlech Signaler vun der Gare bedengt.

Op der nördlecher Seit war d'Manöverstellwierk (farweg Foto). Hei gouwen sämtlech Weichen op dem Kapp bedengt, awer keng Signaler. Ech kann mech net un den (amtlechen) Numm Dummeldeng Nord erenneren.

D'Schmelz gouw zur Zeit vun den mechaneschen Stellwierker (praktesch) nemmen am Richtungsbetrieb bedengt: um Nordkapp gouwen d'Won bei der heiteger russescher Ambassade eran gesat. Dat Auszeihgleis huet och zu engem gudden Steck der Schmelz geheiert (och nach zur Zeit vum TCO). Um Südkapp (Fahrdienstleiterseit) goungen d'Won nés herausgeholl. D'elektresch Lokomotiven Amy an Daisy vun der ARBED hun se am Wierk rangeiert, ganz zum Schluß an Zweiwege-Unimog.

Ech hoffen, daß mir elo definitiv Klorheet hun.

Vielleicht war dat Stellwierk op der S/W -Foto eng Keier geplangt.
Dernière édition: 22 Nov 2015 17:34 par RV. Raison: Zousatzinformattioun
Les utilisateur(s) suivant ont remercié: jmo

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
22 Nov 2015 10:34 - 22 Nov 2015 21:13 #4052 par Jos K
Réponse de Jos K sur le sujet Stellwierker vun Dummeldeng
Villmols merci!

Gouf ët och nach ee Stellwierk Dommeldange-Sud?



Jos
Dernière édition: 22 Nov 2015 21:13 par Jos K.

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
22 Nov 2015 10:03 #4051 par Robbes
Réponse de Robbes sur le sujet Stellwierker vun Dummeldeng
Gudde Moien,

Dat Stellwierk as definitiv nëtt an d'Bild retouchéiert gin, well et stung tatsächlech op déer Plaatz paralell zur Haaptstreck. Et huet Dummeldéng-Nord geheescht. Eng Fahrwegprüfung vun dëser Plaatz iwer d'ganz Gare wuar awer onméiglech. D'Ausfahrweichen a Richtung Lëtzebuerg konnten vun hei nëtt agesin gin, d'Weichen hei am Bild konnten vum Fahrdienstleiterstellwierk och nëtt gesin gin. Dëst Stellwierk wuar nëmmen zäiteweis besaat, an Ofhängegkeet mat dem Stellwierk an der Gare, fir d'Weichen ze bedëngen wann eng Drëckmaschinn un en Zuch gesaat gouf oder wann hei bei der Arbed/Casa resp. an der Zillerei rangéiert gin as.
Les utilisateur(s) suivant ont remercié: jmo, Jos K

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
22 Nov 2015 09:16 - 22 Nov 2015 10:15 #4050 par Louis R
Réponse de Louis R sur le sujet Stellwierker vun Dummeldeng
Gudde Moien,

Obschon dat Stellwierk effectif an engem ongewéinlëche Wënkel zur Haaptstreck steet, gesinn ech nët de Sënn ee Stellwierk an eng Foto eranzepasten. Vleicht hat dat Stellwierk eppes mat der Dummeldenger Schmelz ze din.

Op méih aale Postakarten goufen suguer ganz Zich baigesat, wat d'Foto fir d'Allgemengheet méih interessant gemach huet. Dëst ass awer nët bei engem buzegen Stellwierk de Fall.
Dernière édition: 22 Nov 2015 10:15 par Louis R.
Les utilisateur(s) suivant ont remercié: jmo

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
21 Nov 2015 18:57 #4049 par RV
Réponse de RV sur le sujet Stellwierker vun Dummeldeng
Gudden Owend,

menger Ménung ass dat Stellwierk am Stil vun Letzebuerg-Sud an d'Bild eran retoucheiert. Et hätt d'zwar d'Fahrwegprüfung mat där Positioun iwer d'ganz Gare erlabt an eventuell och d'Suppressioun vum Manöverstellwierk uewen bei der CASA erlaabt.

Dat Stellwierk ass zesummen mam Fahrdienstleiterstellwierk 1987 durch en Drucktastenstellwierk ersaat ginn. D'Fahrdienstleiterstellwierk war emmer an der Gare zu Dummeldeng.
Les utilisateur(s) suivant ont remercié: jmo

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
11 Nov 2015 14:47 - 06 Déc 2015 19:00 #4033 par jmo
Stellwierker vun Dummeldeng a été créé par jmo
Ech hun elo grad op folgender Foto vun der Dummeldenger Gare ee Stellwierk vis-à-vis vun der Gare Richtung Norden op der Sait vun der Dummeldenger Schmelz entdeckt:

Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.


Wees een vu wéi bis wéini dat do war?

Zu Dummeldeng kann ech mëch just un d'Stellwierk vis-à-vis vun der Casa bei der Brëck bei der Ambassade vu Russland erënneren:

Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.



All weider Foto vu verschwonnene Stellwierker ass an dëser Rubrik wëllkomm!

Villmols merci am Viraus!

bis dann,

jm
Dernière édition: 06 Déc 2015 19:00 par adminv15.

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Temps de génération de la page : 0.267 secondes