TGV Est

Plus d'informations
12 Jui 2013 20:25 #2321 par Marc Sinner
Réponse de Marc Sinner sur le sujet Re: TGV Est
D'Verbindung op Paräis op Roissy gëtt et iwer Lorraine TGV. Et fueren 3 TGV'en den Dag vun Strosbuerg op Lille. Déi halen alleguer zu Lorraine TGV an den CFL Busservice huet Fahrpläng, déi doropp ofgestëmmt sinn.

Ech gleew kaum datt fir eng direkt Verbindung Lëtzebuerg-Metz-Roissy e Marché do ass. Et bleiwt ze hoffen, datt d'Verleeën vun der Gare Lorraine TGV op Vandières demnächst kënnt. Domatt hätt een dann eng Zuchkorrespondenz op d'TGV Intersecteurs.

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
12 Jui 2013 17:06 #2315 par mopsfidels
TGV Est a été créé par mopsfidels
Just eng kleng Fro.
Mécht et Sënn, der Luxair Konkurrenz ze maachen fir op de Flughaafen Roissy unzefueren, an eng Tgv Linn bis op de Flughaafen CDG? Do stécht jo och een enormen Potenzial dahannert.

Genau ewéi een TGV bis a Südfrankräich fueren ze loossen, respektiv vu Metz bis op Lëtzebuerg verlängeren. Sinn Eisebunnstrassen wierklech sou deier, dass et sech net lount, oder welch sinn d'Ursaachen, dass et sou eppes net gëtt? T'kann jo net sinn, dass nach keen dru geduecht huet bis lo, mengen ech mol.

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Temps de génération de la page : 0.152 secondes