Nordstreck

Plus d'informations
24 Jul 2013 14:19 #2452 par Initsch
Réponse de Initsch sur le sujet Aw: Re: Aw: Nordstreck
Daat gleewen ech éischter nët, well och vunn der 11 kenns de op daat lénkst Gleis um Viaduc.

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
23 Jul 2013 16:27 #2448 par LuxBeam
Réponse de LuxBeam sur le sujet Re: Aw: Nordstreck
Salut,

Dat kann och domat zesummen hänken, datt (elo vum 29ten uns nees) d'Zich a Richtung Waasserbëlleg mussen lénks erausfueren an dann gin déi vun der Nordstreck eben tendenziell méi riets fortfueren gelooss.

MbG.

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
23 Jul 2013 14:31 #2446 par Initsch
Réponse de Initsch sur le sujet Aw: Nordstreck

mopsfidels écrit: An firwaat steet de Ëlwener Zug ëmme sou wäit fort, Gleis 10 ganz oft, obwuel de Gleis 3 fräi ass?
Merci


Salut,

Daat kann puer Grënn hunn.

Zum Beispill leeft déi Rame dei op Ëlwen weidergeet vun Süden an d'Gare eran. Dann muss also suwuel den AB wei den CD secteur frai sinn, waat dann vlait bei 10 oft den Fall ass.

Des weideren ass 3+4 suwuel am 3 ewei am 25 kv ze bedreiwen. wann dann en IC kënnt, gett schon mol eent vun beiden Gleiser gebraucht, fir kënnen vun Arel/op Arel ze fueren.

Wei gesoot kann daat puer Grënn hunn.

MbG

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
22 Jul 2013 14:25 #2445 par Claude Oswald
Réponse de Claude Oswald sur le sujet Re: Aw: Nordstreck
Et ass also, wéi de Bouni undeit, eng Fro vum politesche Wëllen, wivill de Staat bereed ass an d'Eisebunn ze investéieren. Technesch wier et wahrscheinlech méiglech gewiescht, d'Tunnellen zweegleiseg ze elektrifizéieren.

Woubäi ech mech allerdings froen, ob et net gradesou sënnvoll an deem Fall gewiescht wier, d'Streck deelweis nei ze trasséieren an ze begradegen. Op déi Manéier kënnten d'Zich och méi séier fueren.

Ech hunn emol an enger Broschür gelies dass um belsche Parcours "à certains endroits le train peut même circuler à 100 km/h." Dëst mag virun 100 Joer eng beandrockend Vitesse gewiescht sinn, awer am TGV-Zäitalter muss een dach grinsen, wann een esou eppes liest.

100 km/h geet duer fir de regionale Verkéier. Wann allerdings d'Nordstreck eng interregional Verbindung tëschent TGV-Nord an TGV-Est soll sinn, froen ech mech, ob de Staat net konsequenterweis vill méi an den Ausbau vun dëser Streck investéiere misst ?

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
20 Jul 2013 11:27 #2441 par Bouni
Réponse de Bouni sur le sujet Aw: Nordstreck
Dat ass geschitt, wéi d'Nordstreck elektrifizéiert gin ass. Fir en duebelt Gleis mat Oberleitung ass d'Héicht vun den Tunnelen net duergaang. Am Fong wier et einfach gewiescht fir d'Tunnelen e bëssi auszebaggeren an d'Entréen unzepassen, ma et sin op ville Plazen Brécken, déi direkt un en Tunnel uschléissen: déi hätten dann och méi déif geluet misse gin, wat dem Gabarit vum Stroosseverkéier net gutt gedoën hätt. Mat engem eenzege Gleis an der Mëtt vum Tunnel war fir déi Verantwortlech vun deemols de Problem geléist. Haut gesi mer awer dass dat nët stëmmt :unsure:

Pol

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
18 Jul 2013 18:01 #2436 par mopsfidels
Nordstreck a été créé par mopsfidels
Salut, just eng kleng Fro. Firwaat ass d'Nordstreck op verschidde Plaatzen eegleiseg?
An waat schaffen di Männercher den Ament laanscht der Streck? An am Tunnel, nördlech vun der Stader Gare, ginn do nei Gleiser geluecht, oder bleiwen der ëmmer nach sou wéineg am Ausgang (mengen et sinn der 3)
An firwaat steet de Ëlwener Zug ëmme sou wäit fort, Gleis 10 ganz oft, obwuel de Gleis 3 fräi ass?
Merci

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Temps de génération de la page : 0.186 secondes