gëtt zu Ettelbréck ofgerappt

Plus d'informations
07 Avr 2014 14:07 #3011 par Gaffinet
Réponse de Gaffinet sur le sujet Aw: Re: gëtt zu Ettelbréck ofgerappt
Claude do hueste vollkommen Recht.

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
06 Avr 2014 20:52 #3009 par Claude Oswald
Réponse de Claude Oswald sur le sujet Re: gëtt zu Ettelbréck ofgerappt
Eng Institutioun ass verschwonnen. Si ass scho laang verschwonnen.

Et sinn d'Auslader.

Fréier konnt ee praktesch vun all Gare zu all Gare e Gidderwon schécken.

Et hat och praktesch all Gare eng Gidderhal.

An der Tëschenzäit goufen op ville klenge Garen d'Gidderhalen ofgerappt an d'Gleisbild vereinfacht (wat an der Fachsprooch zynescherweis "Moderniséierung" genannt gëtt).

Mam Ofrappe vun der Gidderhal zu Ettelbréck gët eis elo nach eemol an Erënnerung geruff, dass eng "Branche" vun der Eisebunn dout ass.

Et gëtt zwar ëmmer gesot, et misste méi Gidder op d'Schinn verlagert ginn, awer an der Praxis féiert "CFL Multimodal" d'Wuere mam Camion iwwert d'Strooss.

Ech gleewen net méi esou richteg un dat, wat d'Politiker eis erzielen, wa se eis berouege wëllen.

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
06 Avr 2014 19:02 #3006 par mopsfidels
Réponse de mopsfidels sur le sujet Re: gëtt zu Ettelbréck ofgerappt
huelen doduerch méi Leit den Zug?

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
06 Avr 2014 17:19 #3005 par Max_goedert
Réponse de Max_goedert sur le sujet Re: gëtt zu Ettelbréck ofgerappt
Salut,

ech denken net dass daat eppes domat ze dinn huet. Zu Luerentzweiler goufen di Gleiser wechgerappt well se just Plaatz wechgeholl hunn, an sou den neien Parking konnt gebaut ginn.
Och zu Ettelbreck soll de Parking vun der Gare sou weit ech wees vergreissert ginn.

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
05 Avr 2014 18:02 #3003 par mopsfidels
gëtt zu Ettelbréck ofgerappt a été créé par mopsfidels
an och lauter aaner Gleiser zB Lorentzweiler op aaner Plaatzen. Gëtt dee Stool benotzt fir déi fehlend, nach eegleiseg Deeler vun der Nordstreck ze verduebelen? Do ass awer neicht viirgesinn, fi déi nächst 10 Joër, oder?

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Temps de génération de la page : 0.169 secondes