Zich en panne op der Kléngbettener Stréck

Plus d'informations
18 Aoû 2022 22:19 #5921 par roadrunner
Réponse de roadrunner sur le sujet Zich en panne op der Kléngbettener Stréck
Haut de Mëtteg ass alt neess emol d'3002 zu Kléngbetten en panne gefall, Géint halwer siwen koum dun eng 4000er fir den Zuch mat der 3002 oofzeschleefen, T'ass déi éischte Kéier dass ech eng 4000er op der Kléngbettener Streck gesin hun, Bestëmmt war awer och schon mol virdrun emg 4000er hei fir eng 3000er oofzeschleefen.
Hei e puer Foto'en an de Video vun der Oofschleefaktioun, Gesäit een och net all Dag (oder vläicht awer?).
Dono koum dun een 2200er Autorail als Asatzzuch an den Asaz.

.

.

Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
29 Jui 2022 20:26 #5915 par roadrunner
Réponse de roadrunner sur le sujet Zich en panne op der Kléngbettener Stréck
D'CFL gett kreativ :-)
Well een Zuch gefeelt huet gouf eng Z2200 geholl fir op Kléngbetten um 17.52
Natirlech gouf den Trajet Kléngbetten - Arel suppriméiert, well d'2200 net kann op Arel fueren, Baussen um Zuch an och bannendran stung awer "Destination Arlon" :-)
Do war wuel de Wonsch de Papp vum Gedanken :-)

Dofir ass den IC vun 18.10 fir op Bréissel alt neess zu Kléngbetten stoe bliwen fir d'Leit aus dem 2200 mat op Arel ze huelen... Mol eng Rame M6 mat SNCB zu Kléngbetten um Arrêt.

Wär et net besser anert Material ze huelen???

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
29 Jui 2022 17:49 #5914 par roadrunner
Réponse de roadrunner sur le sujet Zich en panne op der Kléngbettener Stréck
Dëss Woch ass kéng gudd Woch fir d' CFL 3000er :-(

E Méindeg de Moien si schon e puer Zich ausgefall well eng 3000er zu Arel net méi wollt. Resultat: den RB 06.35 zu Arel fort ass ausgefall. A well d'CFL net esou séier Asaz huet och direkt 1 oder 2 aner Zich...

Geschter Dënschdeg dun um 13.15 zu Kléngbetten: Ausfall vun enger 3000er déi 2 Stonnen um Gleis 2 gehënnert huet... Mat der Konsequenz dass e puer Zich ausgefall sin...

Haut de Mëtteg um 16.36 zu Mamer: Ausfall vun enger 3000er um Wee fir op Arel. D'RB vun 16.52 huet d'Passagéier an d'Zuchpersonal matgeholl... Wéi lang desen Zuch elo do um Gleis 1 hënnert weess ech net.

Äh sorry mee dat ass ee ganz schlechte Score! Wär et net beser d'CFL géif sech bei der SNCB 2 oder 3 Desiro'e léinen fir d'Streck op Arel? Fir de Client wär et op alle Fall besser!

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
15 Mai 2022 22:16 #5903 par roadrunner
Réponse de roadrunner sur le sujet Zich en panne op der Kléngbettener Stréck
Hei dann och d'Video'en vum ausserplanméissegen Halt vun den IC zu Kléngbetten.
Den Asazzuch um 21.05 war dun awardungsgeméiss en Z2200 (den 2219).
Haut um Sonndeg ass d'2216 op der Streck ennerwee gewiecht.

...

...

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
15 Mai 2022 22:12 #5902 par roadrunner
Réponse de roadrunner sur le sujet Zich en panne op der Kléngbettener Stréck
Dëse Samschdeg 14. Mee huet d'CFL 3002 owes zu Kléngbetten opgin. No der Arrivée vun der RB um 19.05 war zu Kléngbtten Schluss an d'Lok konnt net méi zréck an d'Stad.
Konsequenz: d'RB vun 20.15 ass och ausgefall.
Fir awer d'Client'en net ze laang waarden ze loossen well de Weekend jo nemmen all Stonn 1 Zuch fiert, sin den IC vu Bréissel an och den IC fir op Bréissel requisitionnéiert gin. Ausnahmsweis hat esou all Gare op der Kléngbettener Sreck eng direkt Verbindung mat Bruxelles-Midi !

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
22 Mar 2022 08:00 #5885 par roadrunner
Réponse de roadrunner sur le sujet Zich en panne op der Kléngbettener Stréck
Haut de moien huet missen eng SNCB Desiro vun enger CFL 3000er oofgeschleeft gin.
Esou gesin op der Gare Lëtzebuerg géint 7.25 Auer. Gesäit een och net all Dag :-)

Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
10 Déc 2021 09:35 #5789 par roadrunner
Réponse de roadrunner sur le sujet Zich en panne op der Kléngbettener Stréck
Haut de moien huet den RB7656 vun 6.58 zu Kléngbetten opgin. Wuel koum en nach pünktlech vun Arel zu Kléngbetten un, mee "Suite à de graves problèmes techniques, le train est supprimé entre Kleinbettingen et Luxembourg". Zu Kléngbetten war Endstatioun.Gudd dass et nach ee Gleis 3 gett, esou konnten um 7.16 Auer 3 Zich gläichzäiteg an der Gare vu Kléngbetten stoen, woubei et extrem selten ass, dass een Zuch vum Gleis 3 weider op Arel firt.Ass eventuell gewosst ob ab Fahrplanwiessel dëse Weekend d'1300er durch 1800er asat gin? Et géif esou lues Zäit gin.
Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.
Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
22 Avr 2021 22:09 #5736 par Peve
Réponse de Peve sur le sujet Zich en panne op der Kléngbettener Stréck
De Problem ass wuel greisstendeels beim Fuermaterial, an net bei der Streck. D'3000er sin net mei dei allerneitst an weisen emmer mei Problemer op. D'2017 war an dem Fall bis opt Grenz gefuer, well dei mat speziellen Kameraen equipeiert gouf, vir d'Catenairen ze filmen, also vir ze kontrolleieren. Dat huet neicht mat irgendenger Problemleisung ze din, dat get regelmeisseg gemach.

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
20 Avr 2021 08:15 #5734 par roadrunner
Réponse de roadrunner sur le sujet Zich en panne op der Kléngbettener Stréck
Geschter war kee gudden Dag fir d'Desiro Automotricen op der Kléngbettener Stréck: speziell nom Départ zu Kléngbetten fir op Arel schéint ee Problem gewiecht ze sin. Scho gëschter Moien stung d'RB 5826 um 6.50 Auer während gudd 5 Minutten direkt virun der Barrière du Kléngbetten, an och dee ganzen Dag durch haten d'Desiro hir Problemer an hun op de läschten Meteren vum CFL Réseau schlagméisseg eng Vollbremsung gemacht.
Dëse Problem haten d'SNCB 1300 an CFL 3000 awer net.
Dun ass geschter um 18.21 och nach d'SNCB 1807 mat enger Rame belsch Dosto durch Kléngbetten gefuer, och ouni Problemer.
Haut de Moien dun war et net besser. D'RB 5826 huet et mol iwerhapt net bis op Arel gepackt a war op Kléngbetten limitéiert. Hoffentlech gett dee Problem geschwenn geléist.
Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.
Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.
Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
14 Avr 2021 13:26 #5727 par roadrunner
Réponse de roadrunner sur le sujet Zich en panne op der Kléngbettener Stréck
Haut de Moien huet et eng Desiro zu Kléngbetten getraff. Hei d'Biller vun der Oofschleefaktioun um 7 Auer.
D'8503 stung fir d'éischt um Quai 3, vu wou se Rg Belsch op d'Gleis 1 gewiesselt ass. Währenddeem stung den RB vun 6.58 fir op Lëtzebuerg a Siichtwäit hannendrun a krut wéinst där Aktioun 8 Minutten Verspéidung. All Zich sin während där Zäit iwert d'Gleis 2 gefuer. D'Barriär zu Kléngbetten ass rop an roof gangen, wat nawell zu zolittem Stau gefouert huet.

Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.
Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
27 Mar 2021 12:41 #5716 par roadrunner
Zich en panne op der Kléngbettener Stréck a été créé par roadrunner
Zanter e puer Wochen sin erem öfters Zich en panne op der Kléngbettener Stréck:mol den Bréisseler IC an der Gare Mamer wou d'Leit hu missen an den RE fir op Arel emklammen, mol en RE mat enger CFL Lok tëschent Klengbetten a Capellen, etc.Gëschter huet den RE vun 16.22 fir op Arel et just 100 Meter aus der Gare Lëtzebuerg gepackt, an do d'Gleiser blockéiert.Haut de Moien ass den CFL 2017 op der Kléngbettener Streck ennerwee gewierscht; ech hun en hannert Kléngbetten gesin, wou en bis op d'Grenz gefuer ass! Ech huelen mol ganz stark un dass et sech hei em en train de mesures handelt fir där Panne-Serie op de Grond ze goen.Hei e puer Foto'en an de Link fir de Video vum 2017 tëschent Kléngbetten an der Grenz.

Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.
Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.
Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.
Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.
Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.
Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Temps de génération de la page : 0.226 secondes