Les nouvelles casemates sur la ligne du nord

Plus d'informations
05 Fév 2012 13:35 #658 par jmo
Hei ass mol eng Karte vun 1941 vum PN 12, demols WU. 12 genannt:

Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.

um PK 19,807:

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
29 Jan 2012 09:45 #589 par Jos K
Villmols merci fir déi Änwert!

Kënnt een zou Fouss hautzoudags nach bai déi Platz wou fréier de PN wor?

E schéine Bonjour,

Jos

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
28 Jan 2012 08:58 - 28 Jan 2012 09:03 #588 par jmo
Hei ass d'Äntwert déi mer vum Änder BRUNS kruten:

"Et ass de Keller vum fréieren Polfermagaséng Obergrünewald, dat huet mussen beim Bau vun der Eisebunn ofgerappt ginn. En neit Polfermagaseng ass dunn am Fort Obergrünewald gebaut ginn.
Dee Keller hat Lëftungsschlitzer a sollt de Magaséng uewendriwwer vun der "Erdfeuchtigkeit" isoléieren.
Well dat awer en zolitt Mauerwierk mat Kalleksspeis aus dem 18. Jorhonnert wor, wor et net esou einfach an domatter deier fir et komplett ofzerappen.
D'Béi vum Gewöllef si vermauert ginn an et ass zum Gleis hin eng (haut gréng?) Eisendir dra gemach ginn. Dëse Raum mat ganz schéine Kräizgewölber ass lang Zäit vun den Rotten vun der Eisebunn als Materiallager benotzt ginn. Den historeschen Agank vum Keller op der anerer Säit ass viru puer Joer vum Service des sites et monuments nationaux fräigeluecht a gesëchert ginn.

Dat Häischen op der rietser Säit gehéiert zu engem PN deen do - op manst zur Festungszäit - wor. Et wor den eenzege Wee iwwert dén de Fort ze erreeche wor.

Mat dem Text op der Kaart verhält et sech wéi oft mat de Bildzeilen an den Zeitungen. Deen deen se gemach huet wousst net vu wat e geschriwwen huet...

Am Koltz, Baugeschichte der der Stadt und Festung Luxemburg, kann een verschiddenes dozou noliesen.

Déi Kaart get och an enger koloréierter Versioun."

Dernière édition: 28 Jan 2012 09:03 par jmo.
Les utilisateur(s) suivant ont remercié: Aldo

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
25 Jan 2012 07:53 - 26 Jan 2012 07:36 #556 par Jos K
Salut,

Op folgender Postkart, vu wahrscheinlëch ëm 1917, steht: "Les nouvelles casemates sur la ligne du nord"

Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.



Wou ass dat genee?
Wiesou sin dat "nei" Kasematen?
Sin déi vleicht fraigeluecht gin, wou d'Nordstreck ëm 1917 2-gleiseg ausgebaut gouf?
Gesait een déi Béih nach haut?

Villmols merci am Viraus!

Jos
Dernière édition: 26 Jan 2012 07:36 par Jos K.

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Temps de génération de la page : 0.164 secondes