Historique vun den Zuch-Horaires vun an zu Letzebuerg 1859 bis haut

Plus d'informations
31 Jul 2015 14:37 #3897 par traindocs
Gudde Moien alleguer,

De Moment sinn ech amgaangen den Historique vun allen Zich-Horairen vu Letzebuerg zesummen ze stellen.
An daat vun 1859 un bis haut .

Eng ganz Parti Informatiounen hun ech an diversen, notamment auslänneschen, Bibliotheiken an/oder Archiven fonnt. Mee et gett nach Lächer ze fellen.

Ech hun virgesinn alles och informatesch opzebereeden, esou dass Vergleicher iwwert d'Joeren etc, meiglech sinn. Eventuell a Buch-Form als Komplément zu besteehenden Publikatiounen.

Jidderen deen un desem Projet interesseiert ass, geng ech bieden, sech bei mir, Jean-Louis, ennert dem Mail jelouis@pt.lu ze mellen.

Bescht Greiss
Jean-Louis

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Temps de génération de la page : 0.139 secondes