PH 261 zu Betebuerg? Geléist: zu Stengefort

More
18 Juni 2014 07:11 - 18 Juni 2014 07:42 #3187 by jmo
D'Fotoën vun der Stengeforter Schmelz déi ech fir dës Recherchen benotzt hun sin vun der Sait : www.industrie.lu/usinesteinfort.html

an aus de Bicher déi ënnen op där Sait gewiese gin.

Fir weider Informatiounen kënnt Dir mëch gären per Mail/ Telefon contactéieren,

bis dann,

Jean-Marie Ottelé
industrie.lu - D'Industriegeschicht vu Lëtzebuerg
Last edit: 18 Juni 2014 07:42 by jmo.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
17 Juni 2014 07:31 #3185 by liecam
moien, hu gesinn, dass do verschidde fotoen vun der stengeforter schmelz sinn, och mam schrägaufzug vum heichuwen 3. ech hunn verschidde gebeier am 1:100 nogebaut, meng fro: ass daat vieleicht meiglech, dei fotoen vu stengefort ze kreien, iwer mail oder esou. bezuelen se natiirlech och. thematik interesseiert mech, hunn och recherche gemaacht zu köln. merci am viraus. camille liesch liecam@pt.lu

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
15 Juni 2014 09:11 - 15 Juni 2014 13:06 #3181 by jmo
Mat Hëllef vun dene Vergréisserungen hun ech de Moien nach eng Kéier all d'Fotoën vun der Stengeforter Schmelz verglach a folgend Foto fonnt:

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.



Hei erkennt een den ierweschten Deel vum Schrägopzuch vum Héichuewen III vun der Stengeforter Schmelz, den och lenks op der Foto mat der PH-Lok ze gesin ass:

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.



Dës ganz flott Foto mat der Damplok PH 261 gouf also an der Stengeforter Gare gemach!
Hei sin och nach 3 Pläng vun der Gare Stengefort déi ech vum Ed Federmeyer zu dësem Thema krut:

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.


This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.


This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.




De roude Punkt weisst wou d'Lok stung.

Hei nach de Plan de Signalisation du Stengefort vum Här Keiser, mam Quai à fonte (an dem Quai Scharlé) vis-à-vis vun der Gare:

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.



Villmols merci un déi vill Lait déi begeschtert matgehollef hun dës Fro ze léisen!

bis geschwenn,

jm
Last edit: 15 Juni 2014 13:06 by jmo.
The following user(s) said Thank You: Initsch, Louis R

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
15 Juni 2014 08:11 - 15 Juni 2014 11:27 #3180 by jmo
Hei ass eng Vergréisserung vun dem Deel vum Bild:

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.




Um Quai (Laderampe der Hütte) schingt Goss se leien, d'Form vun de Luchten erennere mëch un déi vun Stengefort, mais dës Zort gouf ët jo wahrscheinlëch och nach op annere Platzen...

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.




Villmols merci am Viraus fir all weider Hëllëf!

jm
Last edit: 15 Juni 2014 11:27 by jmo.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
15 Juni 2014 08:00 #3179 by Dan525354
Replied by Dan525354 on topic PH 261 zu Betebuerg? Geléist: zu Stengefort
Salut,
majo niewend dem héiche Kamein steet e Gerüst,esou eppes ewéi Konstruktioun vun engem grousse Gastank;dorunner kann ee vleit och erausfannen,ewou et ass,wann een eng Foto fennt,ewou déi Konstruktioun ganz drop ass.
Schéine Sonndeg

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
11 Juni 2014 06:32 - 11 Juni 2014 08:06 #3172 by jmo
Ech ging op Stengefort tippen, mais leider hun ech keng Foto déi an där Zait an déi selwecht Richtung gemach gouf (vun der Stengeforter Gare Richtung Schmelz).

Hei ass eng Foto a Richtung Gare, wou ee gesait dat ët zu Stengefort vill Gleiser gouf:

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.



Déi Mauer hannen op der Foto misst jo och nach op annere Fotoe ze gesi sin!

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.



Dëst ass och eng Affaire à suivre!

jm
Last edit: 11 Juni 2014 08:06 by jmo.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
11 Mai 2014 07:54 - 11 Mai 2014 09:14 #3083 by Jos K
Salut,

Ech ging nët mengen dat d'PH-Loken zu Betebuerg ënnerwee waren.

Ech ging op eng PH-Gare tippen wou Schmelzen oder grouss Fabriken mat héigen Kamainer vis-à-vis vu Gare stungen: Rodange, Woltz, Stengefort, Déifferdeng, Esch an mat 5/6 Gleiser.

Hei ass ee Bild vu Stengefort, mais do gouf ët ee Mëttelsquai där Zait a keng 5/6 Gleiser:

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.





Jos
Last edit: 11 Mai 2014 09:14 by Jos K.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

  • Louis R
  • Topic Author
  • Offline
  • Senior Member
  • Senior Member
More
10 Mai 2014 15:31 - 10 Mai 2014 15:38 #3080 by Louis R
Salut,

Ech hu folgend Foto vun der PH L 261 um Internet fonnt:

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.



Et steht derbai ët wier zu Betebuerg. Stëmmt dat? waren do esou vill héich Kamainer? ass de PH mat senge Maschinen op Betebuerg gefuer?

Villmols merci am viraus fir all Tipp!

Louis
Last edit: 10 Mai 2014 15:38 by Louis R.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.212 seconds