- Posts: 123
rail.lu - D'Eisebunnen zu an ëm Lëtzebuerg
Wou waren d'Jangelis-Halten Bouneweg an Houwald genee?
- admin
- Offline
- Administrator
-
Dat ass richteg, d’Schëld Arrêt Hohwald ass nördlech (Richtung Stad), an net Richtung Hesper.
Hei eng Vue vun 1939 mam Schëld "Arrêt Hohwald " a vun haut op där selwechter Plaz:
This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.
This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- GM1800
- Offline
- Senior Member
-
- Posts: 64
Dat Haus op der Foto vun 1939 op N° 2 Rue du Couvent steet jo nach haut:
Google maps - Arrêt Hohwald
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- admin
- Offline
- Administrator
-
- Posts: 123
1934 waren um Houwald awer schon eng Rei Häiser, nämlech d'Avenue Berchem a virun allem d'Rue Eugène Welter (wéi een och op der Foto aus der AZ mat dem Accident vun dem Jangeli an dem Nik. Kirsch vun Hesper gesäit.
Ech weess net, wou d'Tickete verkaf gi sinn ( Café Berner oder Café Weyrich ), awer den Arrêt vum Jangeli um Houwald war do, wou d'Route de Thionville an d'Rue du Couvent sech treffen (südlech dovunner).
Hei ass eng Foto aus dem Joer 1939 vun der Onofhängegkeetsfeier, wou d'Schëld mat dem Arrêt drop ze gesinn ass.
This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.
This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.
Roland Schumacher, Geschichtsfrënn vun der Gemeng Hesper
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- clauhe
- Offline
- Senior Member
-
- Posts: 44
Am Buch "Jangeli Schmalspurbahn Luxemburg-Remich 1882-1955" vum Jean-Paul Meyer,
This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.
fanne mär eng Foto vum Haltepunkt Bonneweg-Werkstätten vum 1. Abrëll 1953:
This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.
Op der Foto ass eng Weich ze erkennen. Des war an der rue de Thionville haut No 29 A:
This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.
Aus enger Tabell aus dem selwechte Buch fanne mär folgendes:
This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.
Konfiguration der Strecke im Jahre 1926
Haltepunkt Personenzüge, Werkstätten-Bonneweg-Kilometerpunkt 1,0
Haltestelle Personenzüge, Anschlussgleis Steinbruch Kugener-Howald -Kilometerpunkt 1,9.
Dann nach eng Fro déi op der "Jangeli"s'-Säit gestallt get wou et em een Accident geet.
This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.
Dat wo um Houwald an der rue de Thionville um Eck mat der rue Eugène Welter.
mbg
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- UP3985
- Offline
- Senior Member
-
- Posts: 55
Den Arrêt wor um PK 1,980, de Lisboa II um PK 0,976. Passt genau.
Merci fir den Tipp.
A+, RP
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- Jos K
- Offline
- Premium Member
-
- Posts: 82
Um Houwald gouf et deemols och nach de Café Weyrich.
Get et eng Informatioun wou 1934 Jangelisticketen verkaaf gouwen?
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- UP3985
- Offline
- Senior Member
-
- Posts: 55
An no Jhangelis gouf et et CFL Bus, duerno RGTR an d'Strooss ass ferm ëmgebaut ginn.
(Zanter wéini gëtt deen Arrêt Jhangeli eigentlech? Mä läschte Plang ass vunn1999. )
1934 war deen eenzege Café, wou ee konnt e Billjet verkaafen, op der heiteger N°278.
Loosse mer eis iwweraschen.
A+, RP
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- Jos K
- Offline
- Premium Member
-
- Posts: 82
www.google.com/maps/@49.5858999,6.1440449,3a,44y,82.67h,87.17t/data=!3m7!1e1!3m5!1shKT9GDYFmR-lsn_P9ycC_A!2e0!6shttps:%2F%2Fstreetviewpixels-pa.googleapis.com%2Fv1%2Fthumbnail%3Fcb_client%3Dmaps_sv.tactile%26w%3D900%26h%3D600%26pitch%3D2.8313783127329515%26panoid%3DhKT9GDYFmR-lsn_P9ycC_A%26yaw%3D82.67198950549916!7i16384!8i8192?entry=ttu&g_ep=EgoyMDI0MTExMi4wIKXMDSoASAFQAw%3D%3D
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- UP3985
- Offline
- Senior Member
-
- Posts: 55
Ausser e puer Haiser (an de Steebroch Kugener) stoung 1934 um Houwald nit vill.
A+, RP
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- jmo
-
Topic Author
- Offline
- Platinum Member
-
Villmools Merci!
Virun 1929 ass de Jangeli duerch d'Knachenmillen, duerch eng vun dene 2 Duerchfahrten, d'Foussgänger an déi aneren Gefierer duerch déi anner, ënner den Eisebunnsgleiser vun der Stater Gare an d'rue de Thionville op Bouneweg gefuer. Dës Ënnerféierung war zimmlech schmuel an donkel, wat oft zu schwéieren Accidenter gefouert huet, e.a. e schwéiert Eisebunnsaccident den 23.9.1904; duerfir den Numm Knachenmillen.
Ab 1929 ass de Jangeli iwwert déi nei Betons - Bowstring - Bréck op der neier route de Thionville op Bouneweg gefuer.
This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.
1928: lénks (gring): P.S. = passage supérieur = nei Betons - Bowstring - Bréck - riets (giel): P.I. = passage inférieur "Knachenmillen"
De Café de la Station zu Bouneweg war deemols op 60 - 62 rue de Thionville. Dëst ass elo 90 - 92 Dernier Sol, an de fréiere Café de la Station misst elo den Restaurant Lisboa II sinn...
This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.
No 1929 ass den Halt Bouneweg jo dann op eng anner Plaz komm, wou genee?
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- UP3985
- Offline
- Senior Member
-
- Posts: 55
Theoretesch jo. Déi nei Strooss ass 1927 mat der Bowstring komm.
Q8 huet N.12 an dat nächst Gebai nieft dem Losch 76.
A+, RP
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- jmo
-
Topic Author
- Offline
- Platinum Member
-
- Wou waren dës Jangelis-Halten genee op der route de Thionville ?
- Ginn et Fotoen dovun, ev. mat Zuch?
Hei sinn e puer Unhaltspunkten déi ech biselo fonnt hun:
De Fahrplang vum 22.4.1939 am Tageblatt:
This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.
<=1921: Café de la Station, Bonneweg, 60 - 62 rue de Thionville , Clemens Petit - Suzanne Beck
Ass dëst déi aal Stroossennummer?
<=1935: 62 route de Thionville war <=1958: 92 Dernier-Sol
No engem arméierten Iwwerfall op de Café Berner um Howald (= 278 route de Thionville) : "... auch scheint es ihr (Witwe Berner-Gehlen) nicht unwahrscheinlich, daß die Täter eventuell gleich nach dem Überfall, den Jangeli von Luxemburg nach Alzingen kurz nach 6 Uhr auf Station Hohwald bestiegen haben." (t: 6.1.1934)
Villmools Merci am Viraus fir all Info!
E schéine Mëtten,
Jean-Marie - info@rail.lu
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.