Saluti,
ausserdem get et jo do,ewou rue de Merl vun der rue de Longwy oofzweigt,de Café Terminus.
Deen heescht jo net fir neicht esou;do war den Terminus vun der Streck.
Bis dann
Den Terminus vun der Linn 11 war deemols op der Lonkecher Strooss ongeféier do, wou haut d' Firma Sales-Lentz hir Autobussen stoen huet, déi fréier Mercedes-Garage. Den Tram 27 op der Foto hei, ass elo do um Terminus fortgefuer, duerno laanscht d' Kräizung Rue de Merl-Route de Longwy a kënnt elo geschwënn op de nächsten Arrêt, wou eng Ausweiche (bei der Kräizung Route de Longwy-Rue St. Hubert) ass.