Déi Haltestellenschëlder si vum Ufank vum Betrib un benotzt ginn. Leider ass et net méi fest ze stellen, bis wéini sie gebraucht gi sinn. Um zweete Bild ass den Arrêt no beim Knuedler Richtung Gare ze gesinn. Déi Zäit si net speziell Fotoen vun deene Schëlder gemaach ginn, sie sinn éischter zoufälleg op engem Bild drop.
Ech hat dat neit Buch iwwert de Stater Tram ënnert dem Chrëschtbeemchen leien, a konnt zënter hir well vill Stonnen schlecht Wieder domat agreabel iwwerbrécken!
Dieses Bild ist für Gäste verborgen. Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.
Ech kann et jidderengem nëmmen recommandéieren!
Virun enger Zäit hat ech folgenden Artikel
am Tageblatt vum 18.11.1949 fonnt, den zu folgender Foto aus dem Buch passt:
Dieser Beitrag enthält Bilddateien. Bitte anmelden (oder registrieren) um sie zu sehen.