MODU

Mehr
21 Apr 2012 12:01 #1089 von Claude Oswald
Claude Oswald antwortete auf Re: MODU
Zitat : "- Wat net verzielt guef an der Presse: dat Dokument ass den Beweis(och wann et neierens direkt sou steet), dass déi 2 Eisenbunnslinnen Ettelbreck-Dikkrech an Närzeng-Rëmeleng secher verschwannen sollen."

Och am Original-Dokument wat een um Internet-Site vun der Regierung ënner www.gouvernement.lu fënnt, sinn déi zwou Strecken net namentlech opgezielt. Op der Säite 113 ass eng Kaart mat de Strecken am Süden, op där ass d'Streck am Keeldall allerdings verschwonnen.

Ech hu keng kloer Ausso fonnt, ob déi Streck stëllgeluecht gëtt. Et schéint mir éischter esou ze sinn, dass déi Fro einstweilen opstoe bleift.

Dat heescht, ech hunn anersäits awer och kee Konzept entdeckt, wéi een déi Streck opwäerte kënnt, eventuell mat enger Nei-Ausriichtung op de Belval. D'Verbindungskurv tëschent Keel a Schëffleng besteet jo schonn a brauch also net extra gebaut ze ginn.

Op der Säite 143 steet eppes iwwert d'Nordstad : "Enfin, en ce qui concerne l'axe Ettelbruck - Erpeldange - Diekirch, il importe de tenir compte du fait que les terrains situés de part et d'autre du boulevard urbain présentent le plus grand potentiel de développement de la Nordstad, car idéalement situés entre les deux centres urbains Ettelbruck et Diekirch. La liaison de cet axe à la région avec une desserte performante est un des objectifs à atteindre."

Dat ass net ganz präzis, an da muss een tëschent den Zeile liesen. Respektiv hänkt et vum Standpunkt of, oder wat ee wéi définéiert.

Aus der Siicht vun engem Busentrepreneur ass de Bus sëcherlech dat performanst Transportmëttel. Fir de Bus schwätzt zum Beispill, dass hien iwwert déi bestehend Schinnen-Achs eraus op Bettenduerf oder op Veiane fuere kann, do wou bekanntlech keng Schinne (méi) leien. Mam Bus brauchen d'Leit net ëmzeklammen, wa si vun Ettelbréck op Bettenduerf oder Veiane fuere wëllen.

Performant kann awer och heeschen, dass den Zuch oder den Tram méi eng grouss Kapazitéit huet, wéi de Bus. Soll ee wierklech zu de Spëtzestonnen eng ganz Buskolonn mat Schüler a Beruffspendler tëschent Ettelbréck an Dikrech fuere loossen ?

Tëschent den Zeile liesen ech, dass déi aktuell Eisebunnsstreck eng Partie Leit stéiert. Dat si vläicht déi selwecht Leit, déi sech an den 1960er Joeren um Stater Tram gestéiert hunn, oder et si Leit déi an der Mentalitéit vun deemols hänke bliwwe sinn.

Do sinn also aner Leit gefuerdert, fir d'Schinn ze verteidegen. Ech denken an éischter Linn un den Eisebunnerlandesverband. Ech denken awer och un eng Nordstad Tram asbl déi speziell zu deem Zweck gegrënd gouf, d'Schinn tëschent Ettelbréck an Dikrech ze verteidegen, respektiv opzewäerten.

Mir hunn net nëmme Frënn an deem Dossier. Souguer sinn eenzel Leit déi eis am Dossier Stater Tram an der Zäit gehollef hunn, déi haut net méi onbedingt eis Frënn sinn, wann et drëm geet d'Bedreiwergesellschaft vum Stater Tram ze définéieren, oder wann et ëm d'Streck Dikrech - Ettelbréck geet.

De Bausche Fränz vun déi Gréng huet kee Problem mat enger privater Bedreiwergesellschaft déi de Stater Tram mitsamt Personal exploitéiert (am duebele Sënn vum Wuert), a säi Parteikolleg Albert Jacoby gesäit kee Potential fir d'Schinn an der Nordstad. Souguer beim "Mouvement" sinn ech an der Tëschenzäit iwwerzeegt, dass de Busbetrib Simon eenzelne Leit méi no ass, wéi d'CFL-Eisebunn.

Ech si perséinlech nach ëmmer dovun iwwerzeegt, dass et eng Dommheet wier, d'Strecken am Keeldall an tëschent Ettelbréck an Dikrech einfach opzeginn, ouni dass virdrun eng seriös Etüd gemaach gi wier.

Wann ech esou eng Etüd als Eenzelpersoun uregen, hunn ech kee Gewiicht. Wa méi Lei sech zesummendinn, oder wann eng Gewerkschaft esou eng Etüd fuerdert, huet dat bedeitend méi Gewiicht.

Et wier jo schéin, wa fir eemol Neel mat Käpp géife gemaach ginn.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
21 Apr 2012 08:22 - 21 Apr 2012 08:23 #1088 von Zischi
MODU wurde erstellt von Zischi
Well nach keen ëppes hei zu dem Thema geschriwen huet, well ech mol e puer Punkten hei opzielen déi mir an den Kapp koumen wéi ech emol dodurch gebliedert hun:

- am Groussen Ganzen ass naicht wirklech neies dran, ausser eventuell déi Geschicht mat den Expressbuslinnen.

- Problematesch fannen ech déi Sach mat dem villen Emklammen. Dat kann nëmmen gudd goen wann eng heich Taktfrequenz do ass, an net nëmmen op dem zentralen Deel. Normalerweis klappt dat nämlech net sou gudd wéi an der Theorie an wann een dann eng Stonn op den Uschlioss warden muss ass dat net nëmmen keng Freed, mais et wärt een sech iwerleen wéi oft een dat matmëscht.

- Gudd ass, dass déi 2 Eisenbunnsstrecken déi weinst Spuemossnahmen mol net direkt gebaut ginn, ëmmerhin mol nach opgezielt ginn. Ech denken awer, dass mir nach lang dodrop wärten warden mussen.

- Wat net verzielt guef an der Presse: dat Dokument ass den Beweis(och wann et neierens direkt sou steet), dass déi 2 Eisenbunnslinnen Ettelbreck-Dikkrech an Närzeng-Rëmeleng secher verschwannen sollen.
Letzte Änderung: 21 Apr 2012 08:23 von Zischi. Begründung: Schreiwfehler an der Iwerschreft

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.076 Sekunden
Zum Seitenanfang