4000 an Frankräich?

Mehr
26 Jun 2012 15:22 #1300 von gilyv051
gilyv051 antwortete auf Aw: 4000 an Frankräich?

Marc Sinner schrieb: Hunn bei den News d'Foto'en vum Sonnerzuch Le Mans - Padborg gesinn. Den Wiessel an der Stad hätt sech idealerweis kënne spueren, wann d'4000 an Frankräich kinnt.

Wéi ass op desem Punkt matt der Zouloossung? D'4000 huet nämlech vun Fabrik un e KVB. Ass d'Prozedur wéi ëmmer bei de Fransousen iergendwou hänken bliwwen? Ass d'CFL iwerhapt nach drem beméit fir déi Zouloossung ze kréien? Daat geng jo wer ganz nei Méiglechkeeten fir de Cargo opmaachen.


Et goufen 2005 Tester a Frankräich di och sou wäit schlësseg waren. Mä si sinn ni zu Enn gefouert ginn well d'CFL keen Interêt gesinn huet fir se homologéieren ze loossen.

D'Dostoen sinn wéinst Problemer mam Gabarit net a Frankräich zougelooss(wat ka geschéien wann dat un enger 25kV Leitung net klappt, hu mer jo zu Esch gesinn), wat en Asaz vun den 4000er am Persounentrafic ausschléisst.

Dovun ofgesinn, souguer wann se iwwer d'Grenz dierften, mam KVB funktionéiert d'Reversibilitéit mat de Steierkäpp net.

Fir de Cargoberaich géing et net wierklech vill bréngen. Fir di grenziwwerschreidend Operatiounen D-F gëtt et d'1580er an d'Cargo fiert nëmmen ganz wéineg Zich vun der Origine bis un d'Destinatioun, wou wéinst egal wéi zu Ehrang/Saarbrécken muss d'Lok gewiesselt ginn! An op dat lo Wiessel vun enger 4000er op eng aner Maschinn ass oder 1580 op eng aner Lok, mécht net wierklech en Ënnerscheed.


An wuel de Haaptgrond ass d' Resistenz vum franséische Reseau! Et ass eng extrem grouss administrativ an technesch Demarche fir eng Lokomotiv oder e Material nei a Frankräich ze homologéieren. Rezent Beispiller dierften di belsch 18er oder och nach den däitschen Velaro D sinn.
Et misst een kucken in wei fern d'Homologation vun den DB 185 do spillt an wat (theoretesch) misst gemat ginn fir sou eng Homologatioun duerch ze kréien.



Yves

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
26 Jun 2012 14:05 #1299 von Marc Sinner
4000 an Frankräich? wurde erstellt von Marc Sinner
Hunn bei den News d'Foto'en vum Sonnerzuch Le Mans - Padborg gesinn. Den Wiessel an der Stad hätt sech idealerweis kënne spueren, wann d'4000 an Frankräich kinnt.

Wéi ass op desem Punkt matt der Zouloossung? D'4000 huet nämlech vun Fabrik un e KVB. Ass d'Prozedur wéi ëmmer bei de Fransousen iergendwou hänken bliwwen? Ass d'CFL iwerhapt nach drem beméit fir déi Zouloossung ze kréien? Daat geng jo wer ganz nei Méiglechkeeten fir de Cargo opmaachen.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.079 Sekunden
Zum Seitenanfang