Ech hun den Owend d' MSTS - an d'Trainz - Sait mat Hëllef vun Informatiounen vum Denis Verheyden um rail.lu à jour gesat. Schëckt einfach e Mail un Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein! wann nach Material fehlt oder Linken nët méih funktionnéieren.
Vum MSTS gëtt jo an Fong nëmmen eng Versioun, déi 2001 erauskomm ass. Mee an de leschte Joren gouf et jo eng Partie Saachen, fir den MSTS méi performant ze maachen.
Ech fuere mat der Editioun 1.4 + BinPatch 1.8. + Train Store 3.2.2, da geet dat fein (e leeft virun allem vill méi stabil)
Wat lo 1600er a 1800er am MSTS ugeet, d'1600er kritt een erof ze lueden (wees awer net méi genau wou, misst dat nokucken), mee bei den 1800er gesäit et schlecht aus.
Et kritt een zwar SNCB 55er, just dat sinn Repaints vun den SNCB 61er (also 4 Achsen am plaz 6 Achsen, vun de falsche Proportiounen guer net ze schwätzen)