Den neien rail.lu - Login

Mehr
21 Nov 2011 12:42 - 12 Dez 2012 07:00 #185 von adminv15
Den neien rail.lu - Login wurde erstellt von adminv15
Vun elo un gët ët just nach een eenzegen Login fir de rail.lu

Firwat soll een e Login machen?

Fir selwer Einträg an den rail.lu - Forum ze setzen
Fir d'Fotoen am Forum ze gesin (déi aus Droits d'auteurs - Grënn nët fir d'Gäscht ze gesi sin)
Fir gratis Annoncen (fir eppes ze verkafen, ze sichen oder ze tauschen) mat Foto op déi éischt Sait vum rail.lu ze setzen
Fir zousätzlëch Informatiounen bei den Annonce ze gesin
Fir nei Linken an d'rail.lu - Link-Collection baizesetzen
etc.



De Moment hun well ganz vill sëch e Login gemach a benotzen een regelméisseg.

Fir ee Login ze kréien brauch ee just lënks ënnen op Registréieren ze klicken, e puer Donnéen anzetippen, an Registrieren ze drëcken.

Et kritt een automatesch een E-Mail geschëckt fir de Login ze confirméieren. Esoubal dat gemach ass funktionnéiert de perséinlëchen Login. Kontaktéiert mëch wann ee Problem sollt sin.

Well dat esou einfach ass, si mer och mat Spam geplot, virun allem aus Russland. Regelméisseg muss ech Spam-Einträg läschen, déi guer naischt mat Eisebunn ze dinn hun. Gitt duerfir äre richtegen Num un, als Username kann ee seng Fantasie spille loosen. Dat mëscht d'Gestioun vum Spam méih einfach, an d'riskéiert een nët gelescht ze gin.

Well a leschter Zait vill Spam vun nei enregistréierten Benotzer koum, muss eng nei Registréierung am rail.lu - Forum vun elo un, vum Administrator approuvéiert gin, iert de Login funktionnéiert. Dat heescht, ët ass normal, dat de Login nët direkt no der Registréierung funktionnéiert, mais ët kritt een en E-Mail wann een aktivéiert ass. Dat ass klor een Nodeel fir all nei Benotzer par Rapport zu virdrun, mais déi lescht Wochen hun ech all Dag 6-10 Spam Einträg aus Polen, Russland, etc. am Forum misse läschen...
Letzte Änderung: 12 Dez 2012 07:00 von adminv15.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.065 Sekunden
Zum Seitenanfang