TOP de neie Site. Bei CFL Cargo ass och alles emgeännert ginn. Brauch een net méi, sech duerchzeklicken fir Infoen ze fannen. Och bei International. Schapoo!!
Just bei Supersparpreis stëmmt et net iwwerteneen...
Gudden Owend. De Site vun der Cfl ass net grad immens an gëtt kee gudd Bild vun der Cfl, fannen ech.. Op kee Fall net sou een dynamescht ewéi d'Cfl mir schénkt ze sin hei am Land. Ass firgesin, dass en geännert gëtt an Zukunft? An wann een wëll international Tickets kafen, ass et selwecht Infoen ewéi op Sncb-europe, genau d'selwecht Saachen, hun haut gekuckt. dat ass dach Quatsch. Kann mol keen Ticket bestellen oder kafen fir bis op München... Steet och uewen b-europe hun ech gesinn. Di Belge machen schon keng gudd Aarbécht, giff een bal schlect sooen. Mussen Cfl hinnen dann d'Saachen nomachen?
Wann se schon eng Database, Layout, vun engem aaneren Land huelen, firwat net déi vun der Deutsche Bahn? Déi ass tiptop, kann een bal alles kafen an bestellen do hun ech gemiirkt. Jiddferengem seint. ! Fannt dir et och esou wéi ech oder sin ech aleng mat deser Meenung?
Zum Beispill ass de Site just op Franzéisch, t'ass keng Suche do, et fënnt een nëmmen schwéier Infoen zu den Strecken, am Allgemengen fënnt een wéineg respektiv schwéier Infoen op dem Site iwert Tickets'en an Offeren. An dann stëmmen Präiser net wat mech rosen mécht!
Letzte Änderung: 09 Mai 2013 21:34 von mopsfidels. Begründung: add some relevant information