22 Feb 2017 22:48 - 22 Feb 2017 22:50#4688 von felix.braun
felix.braun antwortete auf das Thema: Nei-Elektrifizéierung Lëtzebuerg-Klengbetten
Am alen DRR (Document de Référence du Réseau) vun 2017 stoung nach, d'Streck sollt de 16. September 2017 op 25 kV a Betrib goen. Dat ass awer elo mat der Publikatioun vum
DRR vun 2018
no hanne verluecht ginn, do steet elo folgendes:
"Du 14.07 au 17.09.18: barrage complet entre Luxembourg et Kleinbettingen pour basculement de la tension DC 3 kV vers AC 25 kV/ 50 Hz.." am Artikel 3.7 op der Säit 25...
Letzte Änderung: 22 Feb 2017 22:50 von felix.braun.
21 Feb 2017 19:48 - 23 Feb 2017 13:42#4686 von dechris
dechris antwortete auf das Thema: Nei-Elektrifizéierung Lëtzebuerg-Klengbetten
dei nei catenairen sin just an da stadter gare installeiert dat war am plang mat dran vun da moderniseirung vun da stadter gare op da streck ass na alles beim aalen ausser dass betonsfundamenter baal op da ganzer streck faerdeg sin fir dei nei catenairespoteauen ze setzen dat geht och lo un mam embau. Spannung an Stroumart bleift awer bis next Joer 3KV DC
MAB antwortete auf das Thema: Nei-Elektrifizéierung Lëtzebuerg-Klengbetten
Gutt, dat dauert jo dann nach.
Mee déi nei Caténaire ass schon deelweis installéiert? Dat ass jo interessant, dass mat der neier Caténaire 3kV= wéi och 25kV~ gefuer ka ginn. Technesch muss déi also komplett verschidden Conditiounen erfëllen.
dechris antwortete auf das Thema: Nei-Elektrifizéierung Lëtzebuerg-Klengbetten
Hallo nee dei arbechten dauren na un souweit ech wees soll next joer dh 2018 emgeschallt kennen gin am september. an geht mol weider bis op Arel am 25kv dono wees ech et net