Gare Ettelbréck

Mehr
17 Jun 2020 20:26 #5605 von Musée Patton
Gare Ettelbréck wurde erstellt von Musée Patton
De “GREG” - Groupe de Recherches et d’Etudes sur la Guerre 1940-1945 / Musée Patton - huet mam Averständnis vun den Ettelbrécker Gemengevertrieder eng Initiativ geholl fir d’Gemengeregester aus de Joeren 1939 bis 1946 ze transcribéieren.
Eis Ziel ass et, di aus den Ettelbrécker Gemengenarchiven relevant oder interessant Evenementer aus dëser Zäit mat Commentairen an zousätzlechen Informatiounen ze vervollstännegen an uschléissend an engem Buch ze Verëffentlechen.

Eis Initiativ wëll iwwert d ‘Analyse vun dësen Dokumenter ee weideren Abléck an d ‘Geschicht vun Ettelbréck aus deene schwéiere Joeren erméiglechen. Di Gemengeberichter an Texter sollen vervollstännegt ginn mat Dokumenter, Fotoen, Berichter oder och Erënnerungen an Erzielungen, déi d ‘Liewen an der Uertschaft aus enger weiderer Siichtweis erméiglechen.

An der Hoffnung op är Ënnerstëtzung ze zielen, soen mir Iech am Viraus villmools Merci

An all dënnen Joeren huet Gare Ettelbréck eng Roll gespillt
z.b wei eng Unterführung gebaut soll ginn
eng île de refuge gebaut goufe

e grousse Bunker niewent dem Gare-Gebai gebaut goufe

Leider huet Gemeng keng weider Dokumenter wéi dat wat am Gemengeregester steet. Eis Fro un Iech huet dir an ärem Archiv weider Dokumenter , Pläng oder Fotoen aus dënnen Joeren.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.069 Sekunden
Zum Seitenanfang