Wou bleift de Feierwon? Virschléi zum Europäesche Joer vun der Schinn

Mehr
20 Jan 2021 20:33 - 20 Jan 2021 20:35 #5687 von Heng
Mer sin mat den Scouten an der Zait Mëtt der 80er dacks an d‘ Schwaiz gefuer. Ouni vill Gedeesems bis op Basel, an dann weider. Ech hat wëlles d‘ läscht Joer mam Zuch bei d‘ Famill an den Wallis ze fueren, mee wéi ech den Fahrplang studéiert hat war d‘ Freed fort. Een Dag ennerwee, mat wivill Mol ëmsteigen, dorober hat ech dun keng Lischt méih.
Wann dann nach en Bus, je no Verbindung, een vun enger Gare op eng Aner kutschéiert, dann ass et ganz eriwer. Wéi den Carlo seet, Haaptsaach Tram!
Op alle Fall ass am Artikel Alles gesot.
Ech well awer op kee Fall Iergenteppes schlecht maachen, et ass dat wat mer opfällt, wat den Fernverkehr betrefft. National, sin ech, wann et geht vill mat Zuch an Bus ennerwee.
Letzte Änderung: 20 Jan 2021 20:35 von Heng.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
20 Jan 2021 18:44 #5686 von René
Mir kënnen esou vill dreemen, plangen a wënschen wéi mir wëllen, mee duerch d'Liberalisatioun am Eisebunnsverkéier si vill Saachen leider bal net méi ze erfëllen.
Bréissel huet decidéiert datt de Fernverkéier sech droe muss an dat huet seng Konsequenzen. Di lescht, déi mir matgemaach hunn, ass d'Ofschafen vun den IC - Verbindungen op Nordeich. Ech wor op enger Reunioun, do huet eng Madame vun der DB äiskal virgerechend, wéi dat mat IC - Reseau wier. 55 % si rentabel, bei 35 % gi just d'Betriebskäschte gedeckt an 10 % sin defizitär. Den IC op Nordeich louch an der zweeter Kategorie. Ech hunn nach naïverweis gesot, wann di Koppe IC jo käschtenneutral wier, da kéinnt ee se jo bäibehalen. D'Madame vun der DB huet mech bekuckt a mech beléiert: Jo, am Moment sinn di Zich effektiv neutral, mee d'Material misst geschwënn ersat ginn, dat géif jo Käschte bedeiten, also, gëtt d'Relatioun defizitär, also gëtt se ofgeschaaft. Dat dann eben Lëtzebuerg an Tréier ofgehaange géifen, tjo, dat wier Pech fir deen, deen et trëfft.
An esou wäert et och mat anere Relatiounen sinn, déi net ënner de Service publique falen. Di eenzeg Chance, déi ech géif gesinn fir nees besser Verbingungen villäicht emol an d'Schwäiz ze kréien wier déi, fir eenzel TER200 Alsace vu Stroosbuerg aus bis op Lëtzebuerg ze verlängeren vu datt déi jo vun der Région Alsace, déi elo zum Grand-Est gehéiert, finanzéiert ginn.
Mee da kënnt jo schon nees deen nächste Problem: d'Sybic vun der Série BB26000 huet keen ETCS, heescht keng Autorisatioun fir den CFL-Réseau. D'SNCF huet secher keen Interesse drunn fir dës Maschinnen mat ETCS ze equipéieren, hir sinn se gutt genuch wéi se sinn.
Dir gesitt, et ass net einfach an der Eisebunnswelt am 21. Joerhonnert. Duerfir gëtt och am Beräich Eisebunn esouvill versprach, mee nëmme wéineg ka gemaach ginn, well vill technësch a finanziell Hürden ze iwwerwanne sinn. An hei ass secherlech och oft nach de politësche Wëllen déi gréissten Barriere.
Folgende Benutzer bedankten sich: BB3608

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
18 Jan 2021 12:00 #5684 von Carlo
Ech kann denen Beiträg nëmmen zoustëmmen. Leider as Lëtzebuerg am internationalen Zuchverkéier ëmmer méi baussen der Diir. An eisem Transportminister schéingt daat egal ze sin: Haaptsaach, mer kënnen all Tramshaltestell eenzel aweien: da gi mer vun de Wieler gesin!

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
17 Jan 2021 19:20 - 17 Jan 2021 19:24 #5682 von lucthebauer
Ech fannen deen Artikel do beschreiwt ganz gudd den aktuellen Istzoustand vum internationalen Zuchverkéier zu Lëtzebuerg. Eriiwer sinn d‘Zaiten vum Freccia del Sole, Edelweiss, Iris, Jean Monnet, Robert Schumann, Nuetszich, TACen, ... An d’Schwaiz kennt een baal guer net méi... Quelle tristesse!!

Och am TEE 2.0 Projet gëtt Letzebuerg regelrecht emfuer. Do misst dach eis Regierung emol reagéieren!!

Dieser Beitrag enthält einen Bildanhang.
Bitte anmelden (oder registrieren) um ihn zu sehen.

Letzte Änderung: 17 Jan 2021 19:24 von lucthebauer.
Folgende Benutzer bedankten sich: Carlo

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
16 Jan 2021 18:48 #5681 von Carlo
Ech wollt an dësem Zesummenhang just drun erënneren, dass hei zu Land jo op héchstem Niveau geplangt gët, eng Eisebunnsstréck durch eng Buslinn ze ersetzen!

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
14 Jan 2021 19:15 - 14 Jan 2021 20:46 #5677 von Jos K
Super Lieserbréif!

Et ass effectif endlëch Zait dat mol Neel mat Käpp gemaach gin!
Letzte Änderung: 14 Jan 2021 20:46 von Jos K.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
14 Jan 2021 16:41 - 14 Jan 2021 16:56 #5673 von admin

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.


Wou bleift de Feierwon? Virschléi zum Europäesche Joer vun der Schinn - Patrick Hurst (Leserbrief - Luxemburger Wort - 13.1.2021)
Letzte Änderung: 14 Jan 2021 16:56 von admin.
Folgende Benutzer bedankten sich: Jos K

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.106 Sekunden
Zum Seitenanfang