Güterzich Ligne 50

Mehr
19 Okt 2013 14:06 #2643 von Initsch
Initsch antwortete auf Aw: Re: Güterzich Ligne 50
Villmols Merci fir déi Äntfert, daat bestätegt meng Vermutung dei ech haat.

Dass d'CC72000 och do gefuer ass wosst ech mol nët, awer mol interessant ze wëssen.

Ginn/Gouffen et evt Fotoen vun den SNCB Maschinnen op der Klengbettener Streck, mat Gidderzich um Kroop?

Merci,

Initsch

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
13 Okt 2013 16:21 - 13 Okt 2013 16:23 #2632 von cc 14100
cc 14100 antwortete auf Re: Güterzich Ligne 50
Guuden Owend,

An den 90er Joren konnten d' Zich aus Richtung Klengbëtten nach direkt mat 3 kV DC an den Triage vun Zwickau erann fueren.

Als CFL Lokomotiven sinn deemols nach haptsächlech 1800er gefuer.

Vun der SNCF CC 72000 (Metz-Sablon, Woippy, Thionville bis Stockem).

SNCB Lokomotiven waren et HLE 20, 21, 23, 26 an 27.

D' Zetärszich sinn bis an den Traige vun Zwickau gefuer.
Letzte Änderung: 13 Okt 2013 16:23 von cc 14100.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
13 Okt 2013 12:58 #2631 von Initsch
Güterzich Ligne 50 wurde erstellt von Initsch
Gudden Mëtteg,

Ech hun mol eng kleng Fro hei, ech sinn an der Geigend vun der Klengbettener Streck opgewues, an hun duerfer och d'Linn 50 mat am ofsten gesinn. Leider wees ech nët mei, wei eng Zich do sou gefuer sinn,... Vläicht kann do een mer weiderhëllefen?

Et geet hei em Güterzich, déi an den 90'er iwwert d'Linn 50, also Klengbetten, gefuer sinn. Vun waat sinn dëss Güterzich gezunn ginn? D'CFL ass jo mol mat den 1800'er do gefuer, daat ass/war onverkennlech. Opwuel ech nët grad no un der Linn gewunnt (+/-4-5 km Loftlinn) hun, hun ech se awer natirlech bis heem heieren.
D'SNCB huet jo awer och d'Güterzich iwwert déi Streck gezunn, ech denken do mol un d'Cetaire's Zich, un déi kann ech mech am bäschten erenneren. Wann ech mech richteg erenneren waren et do HLE23'er dei drun houngen? Bis wou hin sinn déi gefuer, just bis op Bartreng, oder awer an den Triage? Wann se bis an den Triage gefuer sinn, waren deemols do nach puer Gleiser mat 3 Kv am Triage? Haut muss een jo Stroumwiessel maachen fir vun der Klengbettener an den Triage ze kommen?
Wei eng Maschinnen vun der SNCB woren nach un Güterzich op der Klengbettener Streck ze gesinn?

Ech hun hei um Site gesicht, awer nët vill Informatiounen dozou fonnt, ech wier frou wann een mech hei kéinnt opklären.

Am Viraus villmols Merci

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.082 Sekunden
Zum Seitenanfang