Philippe Wirion antwortete auf das Thema: Desiro als IC Lëtzebuerg-Liers
Jo dat ass secher oder et misst en den Horaire esou machen, dass se sech zu Gouvy treffen. Fier en all Stonn fueren ze lossen misst allgemein gekukt gin en passenden Horaire ze man den esou opgeet, dat Zich sech all an denen zweegleisegen Bereicher kreitzen.
Philippe Wirion antwortete auf das Thema: Desiro als IC Lëtzebuerg-Liers
Wat ech och nach als Leisung keint gesin wier dat se I11 mat Steierwonn asetzen, well dei si jo awer eichter mi modern an ganz konfortabel. Vu dass SNCB souwisou elo M7 kritt wier et meiglech jo I11 anzesetzen. Sou brauch genau wei bei der Desiro net manoevreiert ze gin an de Lecker keint vileicht och all Stonn fueren. Se si jo och schon hei zu Lëtzebuerg zougeloss a fueren am Regelverkeier als Breissler.
merni antwortete auf das Thema: Desiro als IC Lëtzebuerg-Liers
Moien,
Hei nach puer weider Ideen zu deem wat scho gesot gouf:
ee weidere Nodeel: wéineg 4er-Setzer (an déi si schlecht par rapport zu de Fensteren)
dann awer eng Reih Virdeeler, déi bis elo nach net erwähnt goufen: - grouss Veloscompartimenter, domat nei Méiglechkeeten fir d'Nordstreck als Hin-bzw Récktransport fir Notzer vum Vennbunn-Veloswee (mat nei ze schafenen Extra-Billjee!)
- manner Zichausfäll; zu Gouvy stinn iwert den Dag Desiroen ofgestallt;
- Zich musse net méi op Liers fir Kapp ze machen, mais kennen ouni Problem zu Liège Guillemins oder besser am Zentrum zu Liège St Lambert dréinen; d'Zich gi manner deier (net onwichteg op där Streck) a vläicht wier duerch méih efficact Notzen vum Material da souguer endlech e Stonnentakt dran
- Zich kenne méi séier ginn, well Halebleiwen an Ufueren manner Zäit brauchen (scho lo kann en Zuch tescht Léck an Elwen bis zu 15' Verspéidung ophuelen)
-méi Secherheetsgefill, et gesäit ee vu vir bis hannen
Ech gesinn déi Desiroen also net sou schlecht, och wann ech ganz gären an den I10 fueren. Ech si schonn domat vu Léck op Gouvy gefuer, dat as ganz ok. Propper si se am Monment nach, mais dat bleiwen se och nemmen wa se gebotzt ginn!
marv91 antwortete auf das Thema: Desiro als IC Lëtzebuerg-Liers
Dat stemmt dass Desiroen sollen als RER-Ziich agesat mee och als Lokalzuch.
Mee wéi e gesat fueren se och op eenzelen IC wéi Charleroi-Anvers.
Sëtzer sinn haard dat wees ech. Mee et muss e sech der Zäit upassen.
Dostoen hunn z.B. och méi haard Sëtzer fir géint den Vandalismus firzegoen. Mee duerfir sinn Dostoen nach ëmmer 10mol besser wéi Z2en. Mee ass rëm eng anner Geschicht.
gilyv051 antwortete auf das Thema: Desiro als IC Lëtzebuerg-Liers
Vun der Fro op dat aktuellt Material a guddem Zoustand ass oder net mol ofgesinn, muss een och soen, dass d'Desiro Rammen fir lang Strecken absolut net gemat sinn.
Si goufen gebaut a kaft fir em Bréissel en RER ze sinn an net fir 3 Stonnen domat op Léck ze fueren.
Ween sech di Rammen eng Kéier op sou enger Streck undoen well, deem recommandéiren ech mol domat vun Arel via Virton op Libramont ze fueren. Spéitestens ab Virton wier der frou en anstänneg gepolsterte Setz ze hunn.
Philippe Wirion antwortete auf das Thema: Desiro als IC Lëtzebuerg-Liers
Villmols Merci fier dei interessant information.
Ech hun d'I10 voituren perseinlech ganz geren a fannen se ganz konfortabel. Dier hut Recht et si villeicht net di properst voituren, mais ech hun se awer leiwer um Lecker wei elo eng Desiro.
Philippe Wirion erstellte das Thema Desiro als IC Lëtzebuerg-Liers
Gudden Owend, ech hun fierun enger gudder Zeit heieren, dat Testfahrte gemat gin op der Nordstreck fier Desiro als Lecker Zuch anzesetzen. Ech wollt froen op e mei dervun wees an op dat elo och tatsächlech geschitt?
Ech sin perseinlech dafier dat 3000 weiderhin mat I10 als Lecker fueren, well dei ganz Konfortabel sin an och dafier gemat sin. Desiro ass eng Automotrice fier RB/RE ze fueren, mais net als IC. Wann ee jo domadder 3 Stonne bis op Liers fiert huet ee jo den Henner wei, well di setzer eng Freschheet sin fier en IC.