SNCB-Autorailen série 41 nët méih op Lëtzebuerg

Mehr
20 Dez 2012 09:58 #1859 von Dan525354
Maja daat souwisou;Halten kéinten do zu Ciney,Jemelle,Librameont,Arel;Letzebuerg,Peiteng,Virton,Florenville,
Bertrix,Beauraing an Dinant sin.Een,deen iwerall hält,ass jo Quatsch;dofir gin et jo intern Regionalzich.
De Problem ass jo,daat tescht Namur an Arel déi meechten Zich ganz deck besaat sin an mat deenen Kreeeszich eng Cadence ka gefuehr gin,déi och tescht den IC fuehre ka,an domad och nach méih Leit kennen transportéiert gin.Op der Athus-Meuse ass et daatselwecht.All 2 Stonnen en Zuch ass net interessant;dann hätt een all Stonn mat dene Kreeszich an Athus-Meuse wär ausgelascht;haut stees de 3 Stonnen op enger Platz,da kennt just 1 Persounenzuch duerch an an all Richtung.
Et fuehre ja dann och Géigenzich,d.h. Namur-Bertrix - Letzebuerg - Arel-Namur.
Wann SNCB op ville Strecken Zich oofbauen,ass se awer drun interesséiert,op Haptstrecken,ewéi der 162 en Service unzebidden,mat deem e méih Leit transporteiere kann.Well et ass do,wei hei zu Letzebuerg;ganz ganz vill Leit schaffen zu Namur an zu Breissel an déi sollen net all mam Auto fuehren.
An dann,op der 162 ass Vitesse maximum platzeweis nemmen 80 km/h;an op der Athus-Meuse vun Bifurcatioun Rodange bis op Anseremme virun Dinant 120 km/h fir Voyageuren;daat ass e groussen Ennerscheed.
Bon,et kann een lang driwer diskuteieren,mee et soll jo dorems goen,daat Leit aus den Ardennen en Zuch solle kréihen;well soss ass et gleich eriwer mam Zuch an den Ardennen,voir Libramont - Bastogne.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
19 Dez 2012 19:08 #1858 von Marc Sinner
Ech geng gären op déi Geschicht vun där Kreesmissioun Namur - Arel - Letzebuerg - Péiteng - Betrix - Namur zreckkommen. Wann soll daat fir e Produkt ginn? En Ersatz vum IC kann et jo wuel net sinn. An Regionalzuch matt Halt op all Kaff ass och net extrem sënnvoll.

Daat eenzegt waat ech mer kinnt virstellen wier eng Art IR Missioun, matt e puer méi Halten wéi den IC. Domatt kinnt een bei dësem dann eventuell den een oder aneren Arrêt ewegloossen. Ob souwuel Marloie a Jemelle en IC Halt brauchen sief dohingestallt. Wann op der Athus - Meuse en uerdentlechen IR Service ass dann kann een den IC Halt zu Marbehan eventuell och sträichen.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
19 Dez 2012 16:41 - 19 Dez 2012 17:26 #1855 von Dan525354
ReSalut,
ech war elo just zu Athus.
An do ass um 17:00 den 4172 vun Virton komm,fir op Arel.





Den Chef de circulation soot mer,daat et massif Problemer mam Desiro get,an daat haptsächlech weinst der Keelt an dem Schnéi,an dofir sin d'Autorailen eremkomm.
Waat get daat erriescht,wann an den Ardennen 20cm Schnei leien an et bis zu minus 10 Grad kaal get ?

Dieser Beitrag enthält einen Bildanhang.
Bitte anmelden (oder registrieren) um ihn zu sehen.

Letzte Änderung: 19 Dez 2012 17:26 von adminv15.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
19 Dez 2012 15:33 #1853 von Dan525354
Majo et ass also net eriwer.
Seit en Méindeg,dem 17.12. fuehren awer erem 41,wann se och net meih op Rodange kommen.
Den 12.12 war e schwarzen Daag fir Desiroen an dofir sin 8 Autorailen erem komm,fir den Traffic tescht Bertrix an Arel iwer Virton ze assuréieren.
Muer muss ech op Lesve bei Dinant,da kucken ech,ewéi d'Situatioun um recht vun der Athus-Meuse ass.
Bis dann

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
17 Dez 2012 16:39 #1847 von Dan525354
Salut,daat huet jo neicht onbedingt domat ze din,daat CFL d'Quaien verlängert huet,fir daat en Desiro zu Rodange ukomme kann;et huet jo och de Virdeel,daat de elo 2 Ramen resp.2 Duschoen fir verschidden Destinatiounen zu Rodange fortfuehre kann's loossen,d.h. eng fir op Esch an dono vum selwechte Gleis eng fir an Stad.
Méih spéit,wann den Desiro dann hei zu Letzebuerg homolegéiert ass,dann ass dervu geschwaat gin,fir am Krees ze fuehren,
d.h.Namur - Arel - Letzebuerg - Rodange - Bertrix - Namur.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
16 Dez 2012 20:36 #1846 von Louis R
Heescht dat, dat d'Quaiën zou Rodange guer nët hätten missten verlängert gin, an och nie Desiroën op Rodange wärten kommen?

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
16 Dez 2012 19:32 - 16 Dez 2012 19:39 #1845 von Marc Sinner
Nach eng interessant Neierung, déi d'CFL net an hire Fahrpläng hunn:

Duerch d'Evitéire vum Tête-à-queue zu Rodange ass den Zuch vun Virton ronn 5 Minute méi fréi zu Arel. Domatt geet d'Korrespondenz op den IC op Letzebuerg op. An der Géigerichtung symmetriebedengt analog. Fir Messancy entsteht sou all Stonn eng Verbindung op Lëtzebuerg. Déi eng Stonn iwer Athus, déi aner iwer Arel.

Dofir: déi direkt Féirung Virton-Arel matt Korrespondenz zu Athus ass déi definitiv Léisung. Rodange war just provisoresch bis op lëtzebuerger Säit de Fahrplan konnt em déi noutwendeg 5 Minuten verschiebt ginn.
Letzte Änderung: 16 Dez 2012 19:39 von Marc Sinner.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
15 Dez 2012 18:15 #1843 von gilyv051

Luxtony schrieb: Eigentlech ass et jo och mei einfach wann CFL elo den Traffic vun Rodange op Athus iwwerhellt. Dann mussen SNCB-Motricen net mei Kapp zu Rodange maachen. Dodurch kann jo vill Zeit um Parcour gewonnen ginn, an et ass jo eigentlech egal op Passageier zu Rodange oder Athus emsteigen.
Oder gesinn ech daat falsch B)


Emsteigen ass gudd...

Et ass schein a gudd wann d'CFL am Hallefstonnen Takt op Athus fiert, mä wann zu Athus ënnert der Woch nemmen all 2 Stonnen a Weekends guer keng Korrespondenz do ass, da brengt dat net vill. Op Athus well nemmen en Deel vun de Reesender, di meecht wellen op Virton oder op eng vun de Garen op der 165.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
15 Dez 2012 18:09 #1842 von Luxtony
Eigentlech ass et jo och mei einfach wann CFL elo den Traffic vun Rodange op Athus iwwerhellt. Dann mussen SNCB-Motricen net mei Kapp zu Rodange maachen. Dodurch kann jo vill Zeit um Parcour gewonnen ginn, an et ass jo eigentlech egal op Passageier zu Rodange oder Athus emsteigen.
Oder gesinn ech daat falsch B)

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
15 Dez 2012 16:56 #1841 von Marc Sinner
Den AR 41 hat ni eng voll Zouloossung fir Lëtzebuerg (weder Memor nach ETCS). Bis Rodange ass keen letzebuerger Zuchsecherungssystem noutwendeg. D'SNCF ass jo och matt den Z11500 op Rodange komm ouni Memor.

Fir op Rodange ze kommen, brauch och den Desiro keng voll Zouloossung. Et mussen just e puer Testfahrten gemaach ginn, fir auszeschléissen, datt gréisser Problemer optrieden.

Ech gleewen net, datt de Service Arel-Virton an den nächsten Joeren nees op Rodange kënnt. Bis zum Fahrplanwiessel huet daat misse sinn, well den Zuch vun Letzebuerg op Rodange iwer Dippech winnst der eegleiseger Streck net op Athus fueren konnt (Kräiszungsproblem, Roulement etc.). Et ass éischter ze erwarden, datt d'Desiroen iergendeng Kéier den Regionaltraffic Lëtzebuerg-Arel iwerhuelen. Oder Betrix-Péiteng-Lëtzebuerg an de Spëtzestonnen. Oder Esch-Arel?

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
12 Dez 2012 17:23 - 12 Dez 2012 17:24 #1832 von freeaanzee
Letzte Änderung: 12 Dez 2012 17:24 von freeaanzee.
Folgende Benutzer bedankten sich: charel1604

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
11 Dez 2012 19:44 #1826 von gilyv051
D'SNCB ass Weekends ni op Rodange komm.

Weekends fueren d'SNCB-Zich nemmen Virton-Libramont, den Deel Arel-Athus-Virton riicht sech un d'Frontalieren an gett nemmen ennert der Woch bedengt.


Yves
Folgende Benutzer bedankten sich: charel1604

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
11 Dez 2012 19:23 #1825 von charel1604
Salut,

Sin dee Weekend keng SNCB 41er op Rodange komm?

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.



Oder firwat ass ee Freiden de leschten op Rodange komm?

Charel

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
27 Aug 2012 19:19 #1465 von Dan525354
Dach,well wann SNCB hiir Problemer mat den Desiro geleisst huet,dann froen sie d'Homologatioun bei der CFL,well d'SNCB huet welleg,Zich Namur-Arlon - Luxembourg - Petange - Bertrix - Namur ze fuehren.
Den Desiro huet jo net fir neicht 2 Stroumarte kritt.
Mee bis dohinner leeft nach vill Wasser de Bierg eroof.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
27 Aug 2012 18:53 #1464 von gilyv051

Dan525354 schrieb: Salut,
also wann daat esou einfach wär...
Esou einfach ass daat net.
Eischtens muss den Desiro emol eng Zoulossung zu Letzebuerg kréihen an dann kann en och op Rodange kommen;ganzegal,op de Quai 20 oder 200 meter lang ass.
Dofir muss SNCB emol Testfahrten bei der CFL ufroen an wann déi dann zefriddenstellent verlaaf sin,dann kritt den Desiro eng Autorisatioun,an wann net,dann eben net.


Natiirlech, mä mir sinn eis dach awer eens datt d'SNCB keng Homologatioun ufreet ier den Asaz op Rodange méiglech ass, oder méiglech gemat ka ginn. Homologatiounen kaschten Suen a wann ech net plangen main Material anzesetzen, da froen ech keng Homologatioun.(Stechwuert CFL 4000 am F).

Wat och méiglech wier, datt d'SNCB guer net méi op Rodange kennt. Wann d'Dippecher Streck integral 2-gleiseg ass, soll do hallef-Stonnentakt gefuer ginn. Wann eng (oder béid) RB'en bis Athus fueren, kinnt d'CFL deen Traffik komplett fueren.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
27 Aug 2012 18:44 #1463 von Dan525354
Salut,
also wann daat esou einfach wär...
Esou einfach ass daat net.
Eischtens muss den Desiro emol eng Zoulossung zu Letzebuerg kréihen an dann kann en och op Rodange kommen;ganzegal,op de Quai 20 oder 200 meter lang ass.
Dofir muss SNCB emol Testfahrten bei der CFL ufroen an wann déi dann zefriddenstellent verlaaf sin,dann kritt den Desiro eng Autorisatioun,an wann net,dann eben net.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
27 Aug 2012 17:17 - 27 Aug 2012 17:26 #1462 von gilyv051
Kuerzfristeg duerch CFL-Material. D'Regionalzich op der Athus-Meuse ginn ab Fuerplangwiessel mat Desiro Motrice gefuer, déi kennen awer wéinst hirer Längt net op Rodange well de Quai ze kuerz ass(wéi deng Foto schéin weist).

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.


Wann de Quai zu Rodange dann verlängert gouf, kann dat Material dann och bis Rodange kommen.


Yves
Letzte Änderung: 27 Aug 2012 17:26 von gilyv051.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
27 Aug 2012 13:53 #1459 von Tom2001
Ech hun héiren d'SNCB-Autorailen série 41 kéimen vum 10.12.2012 uns nët méih op Rodange.

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.



Duerch wéi eng Gefierer gin se dann ersat?

Tom

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.176 Sekunden
Zum Seitenanfang