Déi Reklammen op den Zich hunn zur Realitéit gehéiert. Et kann ee sech awer d'Fro stellen, ob se zur Verschéinerung vun den Zich bäigedroen hunn, oder ob d'Zich doduerch net verschampeléiert goufen ?
Ech mengen domat haaptsächlech déi Reklammen déi näischt mat der Eisebunn als Transportmëttel ze dinn haten.
Wann ech z.B. an engem Zuch sëtzen dee Reklamm fir eng Zigarettemark mëcht, an ech si selwer Non-Fumeur, da kommen ech mer iergendwéi e bëssche komesch vir. Ech géif jo an deem Fall och keng Zigarettereklamm op mäin Auto pechen.
Wann d'Eisebunn Reklamm "pro domo" mëcht, ass dat eng aner Saach.
Den 207/217 (noo 06/1989 gouf den 217 den 201 ) haat eng Reklamm vun der Discothèque "Standing" vun Esch, den 204/214 an 205/215 haaten Reklammen vun Rosport, den 206 Reklamm vum Supermarché "Jumbo" vun Dikkrech.