Eisebunsstreck Ettelbreck Diekrech

Mehr
26 Mai 2014 12:24 #3121 von mopsfidels

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
20 Mai 2014 19:12 #3102 von mopsfidels
mopsfidels antwortete auf Re: Eisebunsstreck Ettelbreck Diekrech
Di Leit dreiwen eist Land nach an de Ruinn.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
16 Mai 2014 13:33 #3094 von Claude Oswald
Claude Oswald antwortete auf Re: Eisebunsstreck Ettelbreck Diekrech
Wéi an den 1950er Joeren respektiv an den 1960er Joeren d'Schmalspurstrecken, eng Partie normalspureg Niewestrecken an den Tram an der Stad an zu Esch ofgeschaaft goufen, gouf et wahrscheinlech e gesellschaftleche Konsens, dass d'Eisebunn iwwerlieft wier, an dass d'Zukunft dem AUTO gehéiere géif. An deem Sënn wéi vill Leit sech en Auto gewënscht an duerno och kaaft hunn, war d'Schicksal vun der Eisebunn hinnen net wichteg.

E bësschen hunn ech den Androck, wéi wann déi Mentalitéit ëmmer nach a verschidde Käpp geeschtert, bei Leit déi sech einfach keng modern Eisebunn, e modernen Tram oder Train-Tram virstelle kënnen a wëllen. Als Eisebunnsfrënn fanne mir et wahrscheinlech horrent, dass d'Eisebunn grad wéi den Tram ëmmer nach esou duergestallt ginn, wéi wa se géife stéieren.

Et gëtt Leit déi behaapten, den Tram géif d'Stad an zwee schneiden. Déi selwecht Leit kommen net op de Gedanken ze soen, dass de Stroosseraum d'Stad an zwee schneid, an dass déi vill Autoe fir d'Anrainer éischter eng Plo sinn, wéi e Gewënn. Vläicht sinn et jo e puer Geschäftsleit déi mengen, d'Automobiliste wieren hir Clienten - obschonn dat a Wierklechkeet nëmmen zum Deel stëmmt. Vill Autoe fueren einfach nëmmen duerch.

Dodogéint kann och eng Eisebunn, en Train-Tram oder en Tram Cliente bréngen. En Zuch oder Tram stéiert a Wierklechkeet manner wéi d'Autoen déi permanent circuléieren.

Jo, Ettelbréck-Dikrech riskéiert ze verschwannen. Awer et ass net ze spéit. Och eng Nordstreck stung viru Joerzéngten op der Kipp ; awer deemools hunn d'Gewerkschaften dat Schlëmmst verhënnert, an haut fiert ëmmer nach en Zuch bis op Ëlwen, a weider bis op Léck.

Wa kee sech gewiert hätt, da wier haut op dem nördlechen Deel just nëmme méi eng Velospist.
Folgende Benutzer bedankten sich: Max_goedert

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
15 Mai 2014 21:03 #3091 von !!RH!!
Alles schéin a gutt, mä ech färten dass d'Würfelen schons laang gefall sin -- geint d'Streck Ettelbreck Dikrech.

De Urbanismusprojet Nordstaadt huet an der Landesplanung eng grouss Prioritéit, ähnlech wéi Belval oder de Ban de Gasperich.

Härzstéck vun der Nordstaad gett dée Boulvard teschend Ettelbreck an Dikrech, déen leider nemmen fonctionneiert wann den Zuch verschwendt. Daat schéint mer kloer wann éen déi Responsabel aus den Ministèren heiert.

All Iwerléeungen mat Souterrain, Passagen,.. etc .. sin vill ze deier an der Réalisatioun. Leider huet bis elo kéen eng seriös Alternativ mat enger Art Stadtbahn ausgeschaft z.B. vun Gilsdref bis op Bissen. Och ass et schued dass éen naischt offizielles vun den CFL heiert, et huet éen d'Impressioun dass et sie arrangeiert wann déen Stummel op Dikrech zougemaach gett.

@+

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
15 Mai 2014 11:49 #3090 von Claude Oswald
Claude Oswald antwortete auf Re: Eisebunsstreck Ettelbreck Diekrech
Den Eisebunnerlandesverband FNCTTFEL, déi chrëschtlech Eisebunnergewerkschaft Syprolux, d'Actioun Öffentlechen Transport an d'Nordstadt Tram asbl hu sech ewell Gedanke gemaach, wéi een d'Streck méi attraktiv maache kënnt, amplaz se engem breede Boulevard fir d'Autoen an de Bus ze afferen.

Et wier vläicht net schlecht, wa bei enger nächster Manifestatioun vun deene genannten Organisatiounen esouvill Leit wéi méiglech géife matmaachen. Et hëlleft nämlech näischt ze lamentéieren, wann d'Schinne bis erausgerappt sinn, a wa mer mam Auto oder Bus am Stau stinn.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
15 Mai 2014 06:31 #3089 von Realist
Eisebunsstreck Ettelbreck Diekrech wurde erstellt von Realist
Haut den Moien stoung opp Tageblatt.lu en Artikel " Verbessertes Zugangebot" an do stoung folgendes dran. " Im Rahmen der Teilstrecken nach Rümelingen und Diekirch betonte der Minister, dass diese noch bestehen bleiben, er sich aber in absehbarer Zeit für Diekirch eine „qualitativ hochwertige Busanbindung“ vorstellen könnte." An erëm geet den Theater lass , egal wéi en Minister do sëtzt , d'Eisebunn ass zevill , an soll "in absehbarer Zeit" duerch en Bus ersaat gin . Wann daat do esou ass , ass daat en Skandal sonnergläichen . Eng qualitativ héichwerteg Busverbindung waat ëm alles an der Welt ass daat ? Den "qualitativ héichwertegen" Bus hänkt Moies genau esou am Stau zweschen Ettelbreck an Diekrech wéi déi sellechen Autofuerer .
Amplaz Zuchverbindung auszebauen an mat méi Halteplatzen méi atraktiv ze machen , wellt den Minister et dann an "absehbarer Zäit" mam Bus probéieren.
An wann den "qualitativ heichwertegen" Bus dann eng Kéier fiert an Moies am Stau stiechen bleift , an Schinnen sin eraus gerappt an opp der Platz wou Schinnen waren stinn Apartementshäiser asw. dann soll keen vun den Politiker kräischen kommen , nach ass et Zäit fir dem Minister Bausch mat senger "qualitativ hochwertiger Busanbindung" den Dicks ze richten , well wann Schinnen eng Kéier fort sin kommen se nie méi erëm .

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.103 Sekunden
Zum Seitenanfang