SNCB Fourgon Dms um Lécker-Schnellzuch

Mehr
01 Sep 2014 20:50 - 01 Sep 2014 20:54 #3316 von merni
N'Owend,

Leider hunn déi Lécker Zich keng richteg Plaz fir d'Veloen. An der Zäit as dauernd en Dms matgelaf, mais d'Veloen sinn awer seelen dra gesat ginn. Oft hun déi Rollueden geklemmt ...

Besonnech säit déi nei Velosstreck vun Elwen op Oochen iwert déi al Vennbahn op as, as eng grouss Nofro fir Veloen matzehuelen.
Do wir e grousst Potential fir déi Lécker Zich, wann een dovun ausgeht, dat d'Leit d'Streck an enger Richtung mam Velo an déi aner mam Zuch géife fueren.

Villäicht sollt och dowéint um WE an op Feierdeeg am Summer a verschidenen Zich en DMS matlafen. Dat war awer méih wéi onregelméisseg an et war ganz verschiden u wat fir engen Zich de Fourgon war. Dat as och keng Léisung, well d'Nofro vu Veloen manner vum Dag, mais éischter vum Wiëder ofhenkt.

Dobäi wir et sou einfach. Bei verschidenen I6 voituren as e Compartiment ausgebaut gin, an do kritt een ganz liicht bis zu 6 Veloen hin. Déi Voituren sin och vu baussen gutt markéiert. 1 I6 un d'I10-ramen unhenken, géif vill Problemer léisen (Vauban an Iris hu jo och eng bis 2 I6 niewt den I10).

nm
Letzte Änderung: 01 Sep 2014 20:54 von merni.
Folgende Benutzer bedankten sich: Louis R

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
31 Aug 2014 07:38 - 31 Aug 2014 07:40 #3313 von Louis R
SNCB Fourgon Dms um Lécker-Schnellzuch wurde erstellt von Louis R

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.



Vu wéini bis wéini ass/ wor den SNCB Fourgon Dms um Lécker-Schnellzuch?

Ass dat fir Veloën matzehuelen, oder gët ët een annere Grond?

Villmols merci am viraus,

Louis
Letzte Änderung: 31 Aug 2014 07:40 von Louis R.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.074 Sekunden
Zum Seitenanfang