Katastrophalen Dag bei der Bunn

Mehr
19 Sep 2014 15:33 - 19 Sep 2014 15:40 #3364 von Max_goedert
Max_goedert antwortete auf Re: Katastrophalen Dag bei der Bunn
Salut,

Op all de Linnen sinn enorm vill Zich ausgefall gewierscht. Richtung Esch a Rodange z.Bsp. sinn op mannst 2 RE'en als RB'en gefuer, well 2 RB'en net gefuer sinn. Richtung Rodange iwwer Dippech haaten masseg Zich Verspeidung, waat ech op den Ecran'en op der Gare zu Letzebuerg gesinn hunn. Op der Nordstreck war et am schlemmsten, do ass entweder den Zuch vun 18.45 oder vun 19.15 ausgefall, well mier hunn eis all missen an eng wintzeg Z2 trätschen, dass déi di Leit alt all gepackt huet...^^ Moies waren um RE vun Elwen op Letz. (Ettelbreck um 07.30) nemmen 3 Voituren mat all Kéiers 1 STACK 1st Klass, amplaatz vun 5. De Schaffner ass mol net mi duerch d'Leit komm sou dass en d'1st Klass huet missen un d'Leit freiginn di normalerweis 2t Klass fueren. Den IR vun Léck ass sws menger Meenung no deen Zuch deen am meeschten Chaos op der Streck mecht. Also ech hunn deen nach nie pünktlech gesinn fortfueren, ausser spéit owes (Richtung Letzebuerg).

Deen Fahrplang ass och vill ze enk gemaach an iwwerhaapt net iwwerluecht ginn. Ech mengen deemols hunn se vergiess dass tescht Ettelbreck an Kautebaach just 1 Gleis leit. Daat nemlescht gëlt fir d'Steck Kautebaach-Woltz, wou et schonn schweier genuch ass de Fahrplang anzehaalen wengst dem RE deen do och nach dertescht zirkuleiert. Wann de Bummelzuch dann och nach zu Paradiso an Mierkeltz hält kritt di ganz Nordstreck daat mat, an daat ass net seelen de Fall...
Letzte Änderung: 19 Sep 2014 15:40 von Max_goedert.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
19 Sep 2014 08:41 - 19 Sep 2014 11:29 #3362 von CFL1818
CFL1818 antwortete auf Re: Katastrophalen Dag bei der Bunn
Ech hun effektiv och matkrut, dass eng Reih Zich ausgefall sin. Owens Richtung Waaserbelleg ass z.b. 2 Deeg hannert eneen een ausgefall.
Letzte Änderung: 19 Sep 2014 11:29 von adminv15.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
19 Sep 2014 05:03 #3361 von Louis R
Louis R antwortete auf Re: Katastrophalen Dag bei der Bunn
Wéi eng Zich sin da konkret ausgefall?

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
18 Sep 2014 16:41 #3359 von Max_goedert
Katastrophalen Dag bei der Bunn wurde erstellt von Max_goedert
Salut,

Huet een vun Ierch eng Ahnung waat haut (seit e puer Deeg) bei der Bunn lass ass??
Sëllechen Zuchannulatiounen, Retard'en , sou weineg Voituren dass d'leit sech mussen an d'1 Klass setzen asw. Problème disponibilité materiel ginn se emmer als Grond. Sinn dann beemol 1/3 vun den Zich en panne oder?

Merci

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.085 Sekunden
Zum Seitenanfang