Gudden Moien,
wei verschiddener vun Iech eventuel scho matkritt hunn, ass d'Rumeure gelaaf den 802 wier un de Steil zu Ehrang(Schrotthändler) verkaaf ginn, mee wei sech erausstellt gett et dach nach eng Meiglechkeet den 802 virum Verschrotten ze retten!!
Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.
Den PFT (
www.pfttsp.be
) deen och schon den 806 ennert senge Fiittercher huet, huet sech bereet erklärt desen ze iwerhuelen. Daat ganzt huet allerdengs en Hoken.
Anzwar well de jetztegen Besetzer vum 802, gären 24.000€ vir den Diesel inklusiv Ersatzstecker. Dobei muss een soen dass daat genau dee Preis ass deen en der CFL och bezuelt huet, dh e mecht net 1cent Gewenn!
An de PFT huet am Moment net dei Suen vir den 802 ze kaafen, besonnech well dest innerhalb vun e puer Wochen gescheien muss!
Dovir hei d'Froo un all dei dei bei der Noricht vun der Verschrottung gessot hunn e misst gehaalen ginn, an natierlech och un all dei aaner, ween wier Bereed en Deel dozou beizedroen? Deijeineg dei gewellt sinn e puer € dozou beizedroen, kennen mier weg eng Mail schreiwen ( davos_704(at)hotmail(.)com ), an deem se de Montant uginn dee se gewellt sinn beizedroen, vir dassen mer kennen kucken ob do iwerhapt d'Meiglechkeet besteet, well wann keng Meiglechkeet besteet geet en effektiv bei de Schrotthändler, well d'CFL brauch d'Gleis ob deem e steet!
Bei deem ganzen ass natierlech eng streng Vertraulechkeet virausgesaat, daat heescht ech ginn kengem den Numm an och net dei zougeheireg Some weider.
An deem Senn, all eenzelnen Euro zielt!!
E scheinen Dach nach,
Charly Huberty