CFL 4000er matt neien Lännerzouloossungen

Mehr
27 Jul 2018 09:57 - 27 Jul 2018 10:00 #5193 von Tim90
Salut!
Déi Tatsach dass den Lack op der 4010, 4012 an 4016 nach sou gudd ausgeseit kënnt dohir dass des Maschinnen nom nei Lackéiren och vernéiert goufen.
Op denen aneren Maschinnen as en 2K-Industrielack drop, ouni Vernis, den bleecht méi séier aus.

Den KVB war vun Unfank un drop, just d'Zoulossungsprozeduren lafen nach.

MbG
Tim
Letzte Änderung: 27 Jul 2018 10:00 von Tim90.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
26 Jun 2018 11:21 - 26 Jun 2018 15:32 #5177 von gilyv051
Moien,

den Akzident war wuel am Mee 2016, mä sou e Schued un enger Lok ass net bannend e puer Deeg gefleckt.

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.



D'Lok ass na kee Joer zréck zu Lëtzebuerg, dofir gesait se na aus wéi fresch lackéiert.


Yves
Letzte Änderung: 26 Jun 2018 15:32 von gilyv051.
Folgende Benutzer bedankten sich: NS162

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
25 Jun 2018 22:03 #5176 von MiBra
Salut

Ok merci fir d'Prezisiounen.
Froe mech dann awer firwaat dass daat da schon 2 Joer falsch op der Maschinn steht (CH iwwrigends och ouni Stär).
Dem Ausgesinn no haat d'Lok viru kuerzem eng Revisioun (Matt Lackopfreschung) an nei Rieder.

MbG
Michel

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
25 Jun 2018 09:37 #5175 von gilyv051
Dobei ass mer opgefall dass am UIC Raster "F" an "CH" beikomm sinn. Leider konnt ech keng Foto maachen.

D'4012 gouf no hirem Akzident am Mee 2016 an Daitschland opgeschafft. Dobai gouf se nei ugetrach an iergendeen muss do net wessen ass d'4000 nët a Frankraich duerfen an huet en F drop gesat. D'4010 huet dee iwwregens och nom Akzident zu Ettelbreck krut. Allerdengs ass en do scho zou gepescht.

Den CH, respektiv den CH mat Stär hunn all d'4000er. Dat wellt/wollt soen dass d'4000er duerfen vu Basel Badischer Bahnhof bis op Basel SBB fueren.
Eben keng ganz schwaizer Zoulossung, mä eng kleng an u Bedingungen gebonnen.

Et gouf also keng nei Zoulossungen, et ass nemmen e "Feeler" oder eben eng Besonnerheet di beim Lackeiren an Daitschland gemat gouf.
Folgende Benutzer bedankten sich: NS162

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
24 Jun 2018 15:50 #5173 von Marc Sinner
Marc Sinner antwortete auf CFL 4000er matt neien Lännerzouloossungen
D'4000er haten vun Ufank un e KVB. Et sinn ganz am Ufank och Testfahrten a Frankräich gemaach ginn, mee iergendwéi krut daat ganzt ni eng Suite.

Op der Foto hei gesäit een d'Bediengerät fir de KVB: rail.lu/im/g/IMG_1582.jpg

Et ass déi Këscht uewen drop um Tableau de Board.
Folgende Benutzer bedankten sich: MiBra

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
23 Jun 2018 19:36 #5172 von MiBra
Salut

Hunn haut um Belval 4012 gesinn dei wei et schengt fresch aus der Revisioun ass (Keng Reklam drop). Si war am Asaatz fir d'CFL Cargo.

Dobei ass mer opgefall dass am UIC Raster "F" an "CH" beikomm sinn. Leider konnt ech keng Foto maachen.

Wees schons een firwaat daat esou ass, a wei eng 4000er hunn och schon daat UIC Raster.
Do misst schons eppes konkretes geplangt ginn well esou Zouloossungen kaschten normalerweis e Batz Geld.

An da stellt sech dei nächst Fro, hu se elo KVB op dei gebaut, esouweit mir bekannt haaten se daat nähmlech nett.

MbG
Michel

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.104 Sekunden
Zum Seitenanfang