Déi gouf dohinner gezunn!
An zwar vun der démoleger Firma Bahnbau-Bahnlogistik Eichholz (haut: Strabag).
Déi Firma hat (huet?) och d´NOHAB V170 1151 an d´NOHAB V170 1143 vun der DSB (Danske Statsbaner) a Betrieb gehat.
Si haten Betongs-Schwellen bruecht op Waggoen vun der BDZ (Бдж = Български държавни железници). Fir déi, déi dat net liesen kennen: Bulgarische Staatsbahnen.
Wou ech elo grad um Google Informatiounen iwert d'DB E-Lok 194 - dat daitscht Krokodil - gesicht hun, sin ech op folgend, fir mëch erstaunlëch, Foto gestouss:
Dieses Bild ist für Gäste verborgen. Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.
D' E-Lok 194 158-2 den 19/20 Okotober 2004 zou Wasserbëlleg.
Wéi / wiesou koum déi Lok déi nëmmen ënnert dem daitsche Stroumsystem fueren kann deemols op Lëtzebuerg?