CFL Stellwierk Waggon - CFL - Stellwerkwagen

More
06 Apr. 2016 10:32 #4361 by adminv15
Hei eng Foto vum Jean-Pierre Steffen:

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.


hei as mol eng Foto vum 9153. Dat as den am längsten am Asatz, e.a. bei der Nordstreck (Welwerwolz + Kautenbach).
Den steet haut am FdG.

mbG

Jemp

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
24 März 2016 11:14 #4318 by BB3608
Moien,

hei en Rectificatif zu mengem Post vum 23.11.15 18.56h bezüglech d'Faarwen vun den Manetten op den E43/60 Stellwierker, an desem Fall daat zu Miersch:

Blo: Weichenhebel (mit Weichenhebelsperre)
Gring: Zustimmungshebel (Assentiment)
Rout: Fahrstrassensignalhebel
Giel: ass am Mierscher Fall net gebraucht gin, respektiv an Betrieb
Daat ass d'allgemeng Beleeung vun den Manetten.
Et ass awer net esou datt dei verschiddenen Manetten an all Phas vun engem Chantgen gebraucht gin sinn.
Sou war z.B. vum 15.3.85 un en provisorescht Stellwierk als PM4 zu Ettelbreck um PK 46.440 an Betrieb, wou just dei rout Manett gebraucht gin ass

Souweit dozou

BB3608

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

  • jmo
  • Topic Author
  • Offline
  • Platinum Member
  • Platinum Member
More
11 Dez. 2015 15:58 - 11 Dez. 2015 16:58 #4118 by jmo

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.


Gët op dëser Foto grad ee vun de Stellwierkwagoën équipéiert?
Ass ët den CFL Waggon N° 9183?
Oder gët hei ee Stellwierk geplënnert?
Wou ass dës Foto gehol gin? zu Belval? Wéi ee Stellwierk ass dëst?
Wéini kann dat gewiecht sin?


Villmols merci am Viraus!
Last edit: 11 Dez. 2015 16:58 by jmo.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
08 Dez. 2015 22:08 - 09 Dez. 2015 06:38 #4107 by adminv15
Et gouf opmannst 3 CFL Stellwierk Waggonën.

Hei ee Bild vun 1980 vum CFL N° 5195 och mat PMP beschrëft:

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.

Last edit: 09 Dez. 2015 06:38 by adminv15.
The following user(s) said Thank You: cc 14100

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
28 Nov. 2015 11:41 - 28 Nov. 2015 12:00 #4084 by cc 14100
Gudde Mëtteg,

Wann een déi 2 Fotoen vergläicht (déi vum 5196 an déi am Link) mierkt een direkt datt et 2 aner Waggoen sinn.

Op dëser Seit sinn nach 2 "Bremener" ze fannen: 994 Mw an den 5193 VKKuw:

www.rail.lu/index.php?option=com_wrapper&view=wrapper&Itemid=3&lang=en

Hei nach e puer Fotoen an e Plang vun "Bremener":

abload.de/img/66_gms35xxezg.jpg
www.modellbahnfrokler.de/archiv/100/01-g/html/100-006-gmhs35-k.html
spur1info.com/tl_files/bilder/Spur-1at/Gmhs35_OEBB_01_1965-1.jpg
Last edit: 28 Nov. 2015 12:00 by cc 14100.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
28 Nov. 2015 00:01 - 28 Nov. 2015 00:01 #4083 by Gaffinet
Dass een MCi, hun nach emol gekukkt.
Dass een fun deen 4 wou hei stoen
bliwwen wahren noom Krieg.
Hei ass den Link matt enger Foto fun engem
baugleichen Woon wou nach existeiert.

MFG
Yannick

www.bahndienstwagen-online.de/bahn/BDW/BFW/79/90318.jpg
Last edit: 28 Nov. 2015 00:01 by Gaffinet.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
27 Nov. 2015 20:04 #4082 by cc 14100
Et schéngt mir datt et éischter e "Bremener" ass.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
27 Nov. 2015 19:08 #4081 by Gaffinet
Daat doten misst een fun deenen
4 MCi en sinn dei noom Krieg hei am
Land stoen bliwwen sinn.

MFG
Yannick.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
26 Nov. 2015 20:08 - 26 Nov. 2015 20:16 #4079 by adminv15
Replied by adminv15 on topic CFL Stellwierk Waggon - CFL - Stellwerkwagen

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.


CFL - Stellwerkwagen N° 5196 - PD zu Cruchten (Photo: René Birgen)
Last edit: 26 Nov. 2015 20:16 by adminv15.
The following user(s) said Thank You: BB3608, cc 14100, GM1800, karben

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
26 Nov. 2015 16:40 - 26 Nov. 2015 16:41 #4077 by cc 14100
Replied by cc 14100 on topic CFL Stellwierk Waggon - CFL - Stellwerkwagen
Gudden Owend,

Am Summer 1970, wei zou Fenteng d'Streck Lëtzebuerg-Beetebuerg nei gemaach gouf, an laanscht d' Baustell nëmmen eegleiseg gefuer ginn ass, stoung de Waggon 9183 VAuwf mat engem reng mechaneschen Stellwierk dran ca 100m vun der Fentengerbréck Richtung Lëtzebuerg zwëschent dem Gleis Beetebuerg-Lëtzebuerg an dem Gleis op Syren.
Last edit: 26 Nov. 2015 16:41 by cc 14100.
The following user(s) said Thank You: jmo, BB3608, GM1800

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
26 Nov. 2015 15:01 - 26 Nov. 2015 20:18 #4076 by adminv15
Replied by adminv15 on topic CFL Stellwierk Waggon - CFL - Stellwerkwagen
Hei ee Mail vum René Birgen:

"1975 goufen d’Pafendaller Brécken nei gemaach an do ass eegleiseg vu der Festungspaart bei dem heitege Vaubanspad bis op d’Biisserbréck gefuer ginn.

Och hei stoung esou een Stellwierkswon, den CFL Waggon N° 9183 hei mat der Bezeechnung PA1. Virdrun kann een den elektresche Moteur vun der Weich op den eegleisegen Deel erkennen.

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.


This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.



Wat de Chantier op der Pafendaller Bréck vun 1975 betrëfft, hei zwee Biller vum eegleisegen Deel. Den De Dietrich 101 ass um eegleisege Stéck a fiert laanscht d’provisorëscht Signal virun der Weich Richtung Dummeldéng. Op der zweeter Foto gesäit een dann den eegleisegen Abschnitt.

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.


This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.

"

Villmols merci!
Last edit: 26 Nov. 2015 20:18 by adminv15.
The following user(s) said Thank You: BB3608, cc 14100, Blacky, GM1800, karben

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
23 Nov. 2015 19:56 - 23 Nov. 2015 20:11 #4069 by BB3608
Gudden Owend,

Souweit ech weess war dest provisorescht Stellwierk och zu Cruchten am Asaatz während der Moderniseirung vun der Nordstreck. Beim Stellwierkstyp deen op der Foto ze gesin ass, tippen ech op en E43 vun Siemens und Halske. Et ass soumat en elektromechanescht Stellwierk. Op der Foto mengen ech d'Initialen S+H erkennen ze können (riets niwent dem Drehschalter mat weissem Hannergrond).
Zur Bezeechnung "PMP" geif ech mengen datt dei steht fir "Poste de Manoeuvre Provisoire" Zu de Faarwen vun den Manetten:
blo: Weichen, voie barrée oder Entgleisungsschong
greng: Levier d'itinéraire
giel: daat wier no menger Documentatioun en Leerhebel oder Blockdurchschalthebel fir dei Zeit wou en Posten net besaat wier
rout (hei net am Bild): Signalhiewel

(all des Info'en no beschtem Wessen an Gewesssen ;)

Op desem deitschen Site fennt een och nach daat eent oder aanert CFL's Stellwierk: www.stellwerke.de


MbG
Last edit: 23 Nov. 2015 20:11 by BB3608.
The following user(s) said Thank You: jmo, cc 14100, GM1800

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

  • jmo
  • Topic Author
  • Offline
  • Platinum Member
  • Platinum Member
More
23 Nov. 2015 14:59 - 26 Nov. 2015 20:10 #4067 by jmo
Hei sin 2 Fotoën déi ech vum Stellwierk CFL Waggon VKwf N° 5196 PMP zu Miersch gehol hat, wou do e Chantier op der Stater Sait war:

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.


This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.



Hei eng Foto vum Chantier mat der CFL 1602. Dee Waggon stung zur Stater Sait virun der Mierscher Brëck (hei duerch d'1602 verdeckt):

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.


Leider hun heivunner keen Datum (Mëtt 1980er Joëren ? )
Wat heescht PMP?
Wéi een elektromechanescht Stellwierk war an dem Waggon agebaut?
Vu wéini bis wéini war de Waggon am Asatz?

Wou war de Waggon nach am Asatz?

Hei mol 10.1987 zu Dummeldeng (lënks am Hannergrond):

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.

Last edit: 26 Nov. 2015 20:10 by adminv15.
The following user(s) said Thank You: cc 14100, GM1800, karben

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.229 seconds