Et ass iwregens während de Betriebsdeeg net verbueden,eng Kéier an de Büro erakucken ze goen an et kann een och froen,fir Infoen iwer de Fonctionement vum Stellwierk ze kréihen.
Salut,
Et ass e mechanescht Stellwierk,waat fréiher zu Welwerwoltz a Betrieb war.Déi mechanesch Signaler si fir Ausfahrten Richtung Péiteng a Bois de Rodange an elektrescher Lichtsignaler si fir d'Afahrten aus Péiteng a Bois de Rodange.
Gudden Owend,
wéi ech e puer Videoen iwwert de Fond-de-Gras gekuckt hu si mer zwee mechanesch Signaler opgefall, zousätzlech mat Rangéiersignal. Dobäi sti virun der Gare nach Liichtsignaler...
Wat huet et domatter op sech? Ginn d'Signaler do uertsgestallt, gëtt et e mechanescht Stellwierk oder ass et nach eppes aaneres?