ligne audun-le-tiche - Fontoy

Mehr
15 Jul 2012 20:15 #1357 von Dan525354
Dan525354 antwortete auf Aw: ligne audun-le-tiche - Fontoy
Salut,
Nee,de Prellbock steet do,well bei der ARBED-Streck Belval - Scheffleng nievt dem TGV e grousst Lach gegruewen gin ass,fir de Schlamm dran ze geheien,deen se do aus dem Tunnel vun der Liaison Mischeville erausgruewen.
Sie fuhehren do iwer en Iwergang,deen op deer Streck leit,fir daat an Lach ze tippen an dann get e Sarkophag driwer gebaut,ewéi zu Tschernobyl.
Daat get méih belleg,wéi de Schlamm an Deitschland op eng spézialiséiert Déponie ze féihren.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
14 Jul 2012 12:49 - 14 Jul 2012 13:22 #1352 von Jos K
Jos K antwortete auf Aw: ligne audun-le-tiche - Fontoy
Verschwënd ARBED's Streck Belval - Schëffleng och?

Ass dee Stroosseprojet och de Grond firwat op der ARBED's Streck Belval - Schëffleng well e Prellbock steht?

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.

Letzte Änderung: 14 Jul 2012 13:22 von Jos K.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
14 Jul 2012 10:29 #1351 von Claude Oswald
Claude Oswald antwortete auf ligne audun-le-tiche - Fontoy
Mam Spuetestëch fir déi nei Strooss - d'Liaison Micheville - krout d'Eisebunn gëschter den Doudesstouss versat. Loosse mer eis näischt virmaachen.

Déi nei Strooss gëtt nämlech zum Deel op der d'Trass vun der Eisebunn gebaut, sou dass d'Trass vun der Eisebunn definitiv an endgülteg zerstéiert gëtt.

Mech erënnert et e bësschen un de Kampf vun de Kulturen, wou een dack gesäit dass déi nei Kulturen op de Ruine vun hire Virgänger opbauen, oder dass se deenen hir Tempelen zu Kierchen ëmfunktionéieren.

An deem Sënn kann ee soen, ginn d'Stroossen op den Iwwerreschter vun der Eisebunn gebaut. D'Zukunft gehéiert domat kloer an däitlech der Strooss an den Autoen, och wann dat eis als Eisebunnsfrënn wéi deet.

Esch-Fontoy ass an deem Sënn nëmmen e Beispill aus der Géigewaart, well et ass jo net déi éischt Eisebunnsstreck déi verschwënnt.

Eis Kollegen am Raum Dikrech-Ettelbréck solle jiddefalls gutt oppassen, well et sinn ewell Lokalpolitiker déi kloer an däitlech gesot hunn, dass si déi aktuell Eisebunnsstreck ofrappen an duerch eng Strooss ersetze wëllen.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
12 Jul 2012 15:06 #1348 von Gaffinet
Gaffinet antwortete auf ligne audun-le-tiche - Fontoy
Do hueste RECHT :(
An dei Eisebunnsstreck ass eng megaschein, sin se deelweiss oofgetreppelt. Ech hoffen just dass d Breck stoen bleift als Denkmol.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
12 Jul 2012 12:39 #1347 von Dan525354
Dan525354 antwortete auf ligne audun-le-tiche - Fontoy
Salut,
et get emmer vill Trara an hei an do gemaat an schlussendlech bleiwt d'Eisebunn awer op der Seit.
Waat dingt et dann,wa mer iwerall Heiser an Appartementer opriichten an herno stin se eidel,well keen de Loyer oder de Pret bezuehle kann.
Wann eng Eisebunn oofgerapt soll gin,dann sin se alleguer séier do,fir dergéint ze goen,mee daat nemmen an der Théorie,well an der Praxis maachen se guer neicht.
Daat d'Nordstreck net oofgerapt gouf,luch jo och nemmen dorunner,dat d'Awunner aus dem Eisleck dergéint gangen sin,an dunn hun Politiker réagéiert,awer selwer eppes machen,brengen se net färdeg.
Et geet souwisou iwerall méih an de Strossebau investéiert,ewéi an Eisebunnen;daat war nach emmer esou an daat bleiwt och emmer esou;egal,wou meer drun sin,sief et a Frankreich,hei zu Letzebuerg,iwerall ass daat esou an dorunn änert sech nie eppes.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
12 Jul 2012 11:43 #1346 von Claude Oswald
Claude Oswald antwortete auf ligne audun-le-tiche - Fontoy
Et gesäit een, wéi kuerzsiichteg d'Politiker sinn, wa se op där Plaz wou d'Gleis luch, Haiser baue wëllen.

Dat Selwecht ass och zu Rëmeléng geschitt. Wéinst der Barrière déi d'Automobiliste gestéiert huet, a well déi lokal Politiker den Terrain vun der Eisebunn wollten hunn fir ze "urbaniséieren", ass Rëmeléng-Rëmeléng/Ëtténg ofgerappt ginn. Domat gouf sech allerdings och d'Méiglechkeet geholl, fir eventuell mam Zuch bis op Ëtténg/Zentrum hannert der Grenz ze fueren.

Mech regt op, dass d'Politiker vill dovu schwätzen d'Eisebunn misst opgewäert ginn, während se an der Praxis wann et drop ukënnt, just de Contraire maachen.

E gewësse Bertrand Mertz - hien ass franséische Politiker - hat um Internet d'Iddi vun engem Train-Tram lancéiert tëschent Thionville an Esch duerch den Dall vun der Fensch. Vun deem héiert een näischt méi.

Wou bleiwen d'Eisebunnergewerkschaften, déi eng an déi aner ?

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
10 Jul 2012 14:41 #1342 von Gaffinet
Gaffinet antwortete auf ligne audun-le-tiche - Fontoy
Jo mais dei kart do ass nemei real. Well zu Audun.le.tich hun se d gleiser rausgerappt an da gare an hannert da barriere. Do sollen anscheinend Heiser gebaut gin. Dei Streck geet nie mei an dengst. Hun gesinn matt mengen eegenen Aaen gesinn wei se matt absoluter brutaliteiet d Gleiser rausgerappt hun.

Sin deck traureg doweinster. Dei schein Eisebunnsstreck :(
Wei kann een nemmen sou barbaresch fiergoen :(

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
10 Jul 2012 05:10 - 10 Jul 2012 05:12 #1341 von h3608
h3608 antwortete auf ligne audun-le-tiche - Fontoy
Zou dem Thema Eisebunn zou Audun-le-Tiche an Emgéigend hun ech folgend Kart fonnt:

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.



Source: http://homepages.internet.lu/Lux-Mobiliteit_2020/
Letzte Änderung: 10 Jul 2012 05:12 von h3608.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
12 Jun 2012 15:00 #1247 von Gaffinet
ligne audun-le-tiche - Fontoy wurde erstellt von Gaffinet
Metteg dir leif Leid. Hun eng traureg Noricht fier all Eisebunnsfrend. Wahr haut zu Audun an hun gesinn wei se ugefaangn hun d Gleiser fun da Streck rauszerappen :( Bis bei dein Viadukt leien keng gleiser mei.

Wahr net am Frankreich firun puer Joer eng Debatte gewierscht fier d Streck ze saneieren an mam TER ze verbannen. Dorauser schenkt neischt gin ze sin. Fleid aus Keschtengrönn ween wees.

Mais weinstens huet eis 5519 hier een scheinen Abschied gemeet.

Schued em dei schein eenzegarteg Streck :(

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.125 Sekunden
Zum Seitenanfang