Suppressions des trains Noertzange - Rumelange

Mehr
19 Jan 2015 17:46 #3575 von Marc Sinner
Daat ass genee daat waat ech mam Echnage teschent de Roulementen gemengt hunn. Enger aner Rame (vun Longech) muss am Géigenzug déi Leeschtung iwerhuelen, déi déi Virtoner 2200 net kann maachen. Daat ass soit den 18.06 an d'Stad, soit den 18.15 an d'Stad (béid via Esch). D'Ursaach fir deen Tosch ass ganz einfach: domatt mussen zwee Zich manner d'Fahrtrichtung wisselen. Déi Longecher Rame geet 18.06 oder 18.15 an d'Stad an déi aus der Stad vun 17.53 geet op Virton. En plus gëtt d'Gleisbeleeung zu Rodange vereinfacht.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
19 Jan 2015 11:52 #3572 von Initsch
Bonjuer,

Virton Owes 18:12, dei Motrice kënnt als RE iwwert Esch, leeft um 17:53 op Gleis zwee eran, steet do bis den RE op Longwy op Gleis 3 um 18:09 eran leeft, an fiert dann um 18:12 weider op Virton. Dei aaner beid vun 17:42 an 18:42 kommen als RE Longwy als Schluss mat, an ginn zu Rodange ofgehaangen fir weider op Virton ze fueren.

MbG

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
18 Jan 2015 16:45 #3569 von Marc Sinner
Déi 3. 2200 déi um 18.12 op Virton fiert, ass eng vun denen déi virdrun op Longwy gefuer sinn an vun do hlp op Rodange erem komm ass. Déi ass an denen 6 RE Lux-Longwy schon mattgezielt. Eng aner vun dene 6 kënnt zreck an d'Stad an fiert eng zweete Kéier op Longwy.

Et kann eventuell sinn, datt zu Rodange en Echange teschent verschiddene Roulementen stattfënnt. Datt huet allerdengs keen Afloss op d'Zuel un ramen déi gebraucht ginn. Déi Zuelen déi hei stinn, sinn schon matt sämtlechen Optiméirungen gerechent.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
18 Jan 2015 09:46 #3568 von Dan525354
Saluti,
well déi net méih fuehren därfen;Ress am Chassis.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
17 Jan 2015 19:43 #3566 von UP3985
Et steet dach nach eng Rame Wegmänner am Triage.
Wiesou fueren déi dann net wann et brennt?

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
17 Jan 2015 14:29 #3565 von Dan525354
Saluti,
Et geet owes 3mol op Virton.
Um 17.42 an um 18.42 geet déi 2.Duscho zu Rodange lassgehangen fir op Virton an um 18.12 firt eng eenzel Duscho,déi grad do ass,vu Rodange aus op Virton;
déi 3 kommen hlp erem.
Bis dann

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
17 Jan 2015 10:03 #3564 von Marc Sinner
D'CFL ass effektiv ganz knapp mam Material drun. Ech kommen op folgende Bedarf:

Linn 10:
2x RE Lux-Elwen all 2h (Komplément zu deLéecker Zich)
3x RE Lux-Elwen all Stonn
2x navette Wiltz
4x RB Lux-Diekrich
2x Zousatz-Zich Lux-mMiersch an der Spëtzt
Total: 13 Ramen

Linn 30:
2x RB Lux-Waasserbelleg
6x RE Lux-Koblenz (op März)
3x Zousatz-RE an der Spëtzt
2x Zousatz-RB an der Spëtzt
Total: 13 Ramen

Linn 50:
1x RB Lux-Klengbetten/Arel
1x Zousatz fir d'Spëtzt
Total: 2 Ramen

Linn 60:
6x RB Lux-Rodange
5x RE Lux-Rodange
2x navette Volmerange
1x navette Remleng
1x navette Audun
Total: 15 Ramen

Linn 70:
3x RB Lux-Athus
6x RE Lux-Longwy an der Spëtzt
2x RE Lux-Virton an der Spëtzt
Total: 11 Ramen

Linn 90:
3x TER Lux-Nancy
Total: 3 Ramen

Insgesamt gëtt daat e Bedarf vun 13+13+2+15+11+3=57 Ramen. Elo sinn nach keng Duebelstraktiounen Z2 berücksichtegt. Wann mer unhuelen datt et ca. 4 souer Duebbeltraktioune ginn, dann komme mer op e Bedarf vun 61 Ramen.

Folgend Material steet zur Verfügung:
2000: 22 Ramen, minus ca. 3 Reserve ==> 19 Ramen
2200: 22 Ramen, minus ca. 3 Reserve ==> 19 Ramen
2300: 8 Ramen, minus ca. 2 Reserve ==> 6 Ramen
Dosto: 17 Ramen, minus ca. 2 Reserve ==> 15 Ramen
Total: 59 Ramen

Déi 61 Ramen kënnen also nëmmen duerch eng Reduktioun vun der Reserve ofgedeckt ginn. Ab März wäerten d'KISS voll engagéiert sinn fir op Koblenz an stinn domatt net méi fir national Missiounen zur Verfügung. Dann wäert sinn d'Situatioun nach eng Kéier zouspëtzen.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
15 Jan 2015 08:01 #3562 von Lemmy
:) Moin...
Also de Grond fir supressiounen ass zu 99% op manque matériel zereck ze féieren.D'Kissen sin net alleguer asaatzbereet an wi sou oft musse Z2'en (daer ginn et der och emmer manner di nach funktionnéieren....) an 2200er rem de Kapp duerhaalen.
Den autorail 2100er série wor deemols och keng glecklech Léisung...Den mécanicien huet zu Nz all Keier missen di 2 Motoen ausmaachen wéinst dem Kaméidi an wann daat Spillchen de ganzen metten sou gaang ass ...irgendwann am laaf vun der Schicht kruut en Probleemer mat der sou fragiler Technik vun deem engin.Et woor suguer mol eng Zeit eng 380V Prise zu Nz um Bock fir an deenen puer Minuten den 2100er um Netz ze haalen.(Charge batterie, clim resp Heizung etc....)
Folgende Benutzer bedankten sich: Max_goedert

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
14 Jan 2015 09:48 #3560 von Sud Express
Ligne 60 Personnel - Suppressions de trains -
14/01/2015 09:13
En raison d'une modification de dernière minute dans l'affectation du personnel, tous les trains sont supprimés entre Noertzange et Rumelange de 16:40 à 18:20. Les CFL mettent en place un service de bus de substitution entre Noertzange, Gare et Rumelange, Gare.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
08 Mai 2013 16:26 #2230 von Max_goedert

Marc Sinner schrieb: Déi Streck huet zwee Problemer:

1. de Ministère, deen parallel zwou Buslinnen ganz oder deelweis bezillt (197 & TICE 5). An Zäiten vun spueren geet daat och net méi an dann muss sech décidéiert ginn. Et bleiwt ze befäerten, datt den Zuch de Kierzeren zitt.
2. d'CFL déi keen passend Material huet. Den Z2 ass secher net geegent. Et ass wéi wann een mam Héichflurbus AVL Linn geng fueren.

D'fahrplanméisseg Méiglechkeeten sinn haut sou gutt wéi ni. Et léisst sech matt enger Rame en 30 min Takt fueren, matt propperen Korrespondenzen an d'Stad an aus der Stad. Op Esch gengen se éischter knapp ginn (2 Minuten, bei CFL Penktlechkeet net ze recommendéiren). Daat ass réischt Méiglech ginn duerch de 15min Takt. Virdrun hätt een fir 30 min Takt zwou ramen gebaucht, déi sech zu Téiteng och hätte misse kräizen (mol dovun ofgesinn, datt nëmmen een Quai do ass).


Fir sou eng kleng streck wieren d' 2100 super gewierscht, daat nemlescht gelt fir d' Streck op Dikrech.
D' Z2 sinn am moment fir sou strecken am beschten geegent mee nach net effizient genuch.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
06 Mai 2013 19:16 #2222 von Marc Sinner
Déi Streck huet zwee Problemer:

1. de Ministère, deen parallel zwou Buslinnen ganz oder deelweis bezillt (197 & TICE 5). An Zäiten vun spueren geet daat och net méi an dann muss sech décidéiert ginn. Et bleiwt ze befäerten, datt den Zuch de Kierzeren zitt.
2. d'CFL déi keen passend Material huet. Den Z2 ass secher net geegent. Et ass wéi wann een mam Héichflurbus AVL Linn geng fueren.

D'fahrplanméisseg Méiglechkeeten sinn haut sou gutt wéi ni. Et léisst sech matt enger Rame en 30 min Takt fueren, matt propperen Korrespondenzen an d'Stad an aus der Stad. Op Esch gengen se éischter knapp ginn (2 Minuten, bei CFL Penktlechkeet net ze recommendéiren). Daat ass réischt Méiglech ginn duerch de 15min Takt. Virdrun hätt een fir 30 min Takt zwou ramen gebaucht, déi sech zu Téiteng och hätte misse kräizen (mol dovun ofgesinn, datt nëmmen een Quai do ass).

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
02 Mai 2013 03:50 #2212 von Dario
Hallo. Daat mat deene Strecken an d'franzéischt Grenzgebit ass längst alles ze spéit. Remeleng - Etteng do ass ee Parking an deels alles verbaut. Haut benotzen Leit eben mèi den Auto, well Zuchfueren och emständlech kann sin ( Verspéidungen,Ausfäll a.s.w). Ok, mam Auto kann een och an e Stau kommen. Et huet eben alles seng Vir an Nodeeler. Mönsch ass ze bequem gin Dario

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
01 Mai 2013 22:42 - 01 Mai 2013 22:43 #2210 von mopsfidels
an d'Streck bis op Ottange oder souguer Tressange verlängeren, ass dat onfirstellbar? Op jidde Fall wier d'Streck dann méi interessant, atraktiv fir ze benotzen, an giff dem Bus eng soi-disant Konkurrenz machen.
Deemols ass jo och bis op Volmerange verlängert gin...
Letzte Änderung: 01 Mai 2013 22:43 von mopsfidels.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
30 Apr 2013 14:14 #2206 von Initsch
Salut,

Dach et läit um Material, et steet Momentan rem vill op der Säit, an zënter dem Fahrplangwiessel ass baal absolut keng Reserve méi do,...

Wann dann rem puer Séierkäpp ze vill mateneen ausfaalen, mussen Rame'n duerch Z2'en oder Duscho'en ersaat ginn.
Esou ass et an den läschten Wochen suguer fierkomm dass mat enger Z2 am Daach ausserplanmässeg op Athus gefuer gouff, oder Duebel Z2'en mol alleng gefuer sinn, fir awer nach sou vill wéi méiglech Zich kennen ze garantéieren.


Leider hun eben d'Zich vun den Haaptstrecken prioritéit, well waat dingt et mat enger Navette ze fueren, wann op der Haaptstreck den Zuch duerch Material Manktum nët fiert?

MbG
Folgende Benutzer bedankten sich: CFL1818

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
29 Apr 2013 14:24 #2204 von Bouni
et läit wéi et schéngt net um Material, dat ging feelen, ma et leeft de Moment e Chantier an der "Milliounekéier" an deen ass net mat Zäit fäerdeg gin :woohoo:
fiir de Räscht stëmmt et, dass CFL kee groussen Interessi méi un der Streck huet: elo wou ALL Zich zu Näerzeng halen kéint een en (ouni Problem) en 30-Minutentakt do fueren mat komfortable Correspondenzen op Esch an op Lëtzebuerg

Pol
Folgende Benutzer bedankten sich: Nico Tintinger

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
29 Apr 2013 13:46 #2202 von liecam
sinn do 300% averstannen, motto, nach mei bussen op stroos oder wei? wou ass daat material daan bliwen?
Folgende Benutzer bedankten sich: Nico Tintinger, CFL1818

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
29 Apr 2013 11:45 #2201 von CFL1818
Wei schon sou oft an desem Joer fiert alt nees keen Zuch op daer Streck... Daat ass schon mindestens dei 15. Keier vir desst Joer wou dei Zich Nomettes speit all supprimeiert sin!
Esou kritt een dei lescht Leit och nach aus deenen Zich an Streck kann definitiv zougemach gin!
Folgende Benutzer bedankten sich: Nico Tintinger

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
29 Apr 2013 10:51 #2200 von Sud Express
Suppressions des trains Noertzange - Rumelange wurde erstellt von Sud Express
CFL:
29.04.2013 12:17 - 19:00

En raison d'un problème de disponibilité de matériel, tous les trains sont supprimés entre Noertzange et Rumelange à partir de 16:00 et 19:00. Les voyageurs sont priés d'utiliser les bus de substitution au départ de Noertzange.

lundi 29 avril 2013, 12:20:05

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.173 Sekunden
Zum Seitenanfang