Maulusmillen

Mehr
14 Okt 2014 18:14 #3419 von merni
Maulusmillen wurde erstellt von merni
Salut,

Ab haut sin um Hafas sämtlech Fahrpläng ab 14.12. zougänglech. Hallefstonnentakt op Elwen, dovir awer lo nemme nach RB vun Dikrech an d'Stad. Dann, wat scho méih laang gemunkelt gouf, as lo Realitéit: Den Halt Maulusmillen gett zou gemach.

Wee regelméisseg mam Zuch an d'Eisléck fiirt, weess, dat den Zuch dak do hale bleiwt, ouni dat een do ran oder raus klemmt. Trotzdem as den Arrêt bei Foussgänger a bei den Touristen vum Camping ganz beléift. Sou freet een sech op net Sondes an am Summer verschidden Zich den Arrêt kennte bedengen, firwat net "sur demande"? D'Distanz vu Clierf op Elwen as fir de Sondesspazéiergang ze wäit. D'Nordstreck verléiert am touristesche Beräich e Puzzlestéck.

Bessen absurd dat den Arrêt lo grad mat neiem Automat an Entwerter ausgerüst gouf. Dat huet op alle Fall bewierkt, dat de Besetzer vum Camping iwerzegt as den Arrêt géif bestoe bleiwen.

nm
Folgende Benutzer bedankten sich: Gilles

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.066 Sekunden
Zum Seitenanfang