persouneverkeier ettelbreck-bissen

Mehr
29 Nov 2014 02:05 #3498 von Gaffinet
Claude do gin ech dir vollkommen recht.

Am beschten wiren Nidderfluhrtriebween dei och
Behennertengerecht sinn. An falls d Meiglechkeet besteet,
keint een jo hannert bissen nach puer KM Gleis erem leen.
Ech sin fier eng Ouverture fun der Streck.
Folgende Benutzer bedankten sich: liecam, BB 26072, 34-19029

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
28 Nov 2014 16:23 #3497 von Claude Oswald
Claude Oswald antwortete auf Re: persouneverkeier ettelbreck-bissen
Ob d'628er verkaaft goufen oder net, ass ménger Meenung no net relevant fir déi Biissener Streck. Ech géif deene Biissener Leit fir d'Réouverture neit Material zur Verfügung stellen, fir dass se den Zuch vun Ufank un genéisse kënnen.

Eng Réouverture vun der Streck Biissen-Ettelbréck am Persouneverkéier mëcht natierlech nëmme Sënn, wann Ettelbréck-Dikrech net zougemaach gëtt. Dofir musse mer eis mat de Gewerkschaften a mat der AÖT fir den Erhalt vun Ettelbréck-Dikrech asetzen !
Folgende Benutzer bedankten sich: liecam, BB 26072, 34-19029

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
28 Nov 2014 10:32 #3495 von gilyv051
gilyv051 antwortete auf Re: persouneverkeier ettelbreck-bissen

liecam schrieb: et gett och vu schieren un keng caténaire, mais et gett jo bei cfls 2 trabien, dei jo noom 14.dezember frei ginn, well se net mei letzeburg-treier furen.


Wei hei am Forum ze liesen ass, sinn di 2 CFL Trabbien un d'NEG verkaaft an och net mei am Land!

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
28 Nov 2014 01:18 - 28 Nov 2014 01:19 #3493 von Gaffinet
Gaffinet antwortete auf Aw: persouneverkeier ettelbreck-bissen
Also ech wier dofier wann do rem Regelverkeier geiff laafen.
Wa jo keint een se fleid jo nach puer Kilometer ausbauen falls
meiglech ;) ? An fleid Weekends jo deen een oder aaneren
Sonderzuch ;)

Misst een just zu Bissen rem dei 2 Weichen fier em ze
setzen abauen ;)
Letzte Änderung: 28 Nov 2014 01:19 von Gaffinet.
Folgende Benutzer bedankten sich: liecam, BB 26072

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
26 Nov 2014 21:54 #3490 von BB 26072
BB 26072 antwortete auf Aw: persouneverkeier ettelbreck-bissen
Hunn deen Artikel och gelies, as zumindest emol eng Gemeng, déi sech iwwert Eisebunn Gedanken mecht. Wann een wéi ech aal Dag gesäit wéivill Bussen ennerwee sinn tëschend Biissen an Béiwen un der Atert, géif ech esou guer behaapten, giéif ët Senn machen déi Streck vum Ausgang vun Béiwen aus un bis Dikkrech ze fueren, fir Bussen wär dann Terminus zu Béiwen.
Bedenkt emol wéivill doduerch den Traffic tëschend Ettelbréck an Dikkrech géif oofhuelen. Een hallef-Stonnentakt op der Streck géif saat duer goën an Emwelt seet merci, mee Politik muss datt och emol zu Kenntniss huelen.
Anner Iwwerleeung, moies an owes Schnellzich aus der Stad iwwer Miersch direkt op Biissen fueren. Den Parc&Ride zu Miersch wär entlaascht.
(Feelt just puer Meter Gleisdreieck zu Kolmer.)
Denken, dass Idee mat den Trabien nett déi Beschten Léisung as, mee als Versuch as déi Idee gudd awer keng Dauerléisung. VT 'en sinn duerch déi schlecht Beschleunigung nett ideal, emmerhinn as tëschend Kolmer an Biissen eng Steigung, déi méi grouss as wéi Dummeldeng-Stad.
Gesinn och nach een Probleem am Agang vun Ettelbréck, wann do den Zuch op déi bestehend Gleiser fiert geheit datt deen ganzen Zuchplang op Kop. Leider sinn keng Gleiser méi zu Ettelbréck op der Gare vun der Atert-Linn, do stinn haut Bussen.
Zum Oofschlooss wollt ech nach soën, wann onsen Stat Suen an Zäit huet fir eng Nordstrooss mat vill Tunnelen an Brécken, wëll déi elo nett kritiséieren, déi as och vun notzem, dann iwwerleet ierch mol wat alles mat deenen selweschten Suen hätt kënnen op der Eisebunn gemeet ginn !
Folgende Benutzer bedankten sich: liecam

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
26 Nov 2014 15:11 #3486 von liecam
persouneverkeier ettelbreck-bissen wurde erstellt von liecam
moien, matt begeschterung hunn ech mer d'gemengerootsetzung an enger letzeburger zeitung aus de gaspericher wisen ugekuckt, well do eng unanimiteit waar, fir erem persouneverkeier op deser streck (freier atertlinn) ze bedreiwen. et kann een natiirlech x-argumneter dergeint hunn, wann e geint esou e projet ass,speziel wann e leiwer mamm bus fiert.bon, et gett och vu schieren un keng caténaire, mais et gett jo bei cfls 2 trabien, dei jo noom 14.dezember frei ginn, well se net mei letzeburg-treier furen.ass dei idee, vir d'leit vun bissen ze ennerstetzen, dei net schlecht ass an domader och kennt mat bissen-ettelbreck och dikerech bedingt ginn, op d'manst fir de schülertransport an d'schoulen? am ausland ginn no joren erem strecken opgemaat, vieleicht och hei zu letzeburg? merci fir all sugestioun. an, wei ass är astellung zum verschwannen vun de fernverbindungen op köln et au-delà`?

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.100 Sekunden
Zum Seitenanfang