Suppressions des trains Rodange <-> Athus

Mehr
17 Feb 2016 21:48 #4264 von Dan525354
Saluti,
Majo haut um 17.02.2016 huet dann also de Sales Lentz de grenziwerschreidenden Bussbetrieb tescht Rodange an Athus opgehol.Zu Rodange geet et duerch route de Luxembourg an duerch de Rond Point Porte Lamadelaine Richtung Athus,an dann zu Athus duerch d'Avenue de Luxembourg an d'Grand Rue bei d'Athuser Gare;
Et geet och erem de selwechte Wee zereck;de Buschauffeur den owend huet gemengt,deen Zoustand giif eng 3 Méint unhaalen.
Op Virton fuehren mer awer nach mat Duscholux;daat war haut um 17:42 an um 18:42 Duscholux 2221 an um 18:12 Duscholux 2209.
Ech sin emol gespannt,wéini dann elo eppes anescht déi drei Rotatiounen op Virton firt.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
14 Feb 2016 21:09 - 15 Feb 2016 21:07 #4259 von Marc Sinner
Nawell muss ech soen, datt der CFL hieren Flottenmanagement ze wënschen iwreg léisst.

1) Datt en Zuch bei Abau vum ETCS all bestehend Zouloossung verléiert, ass allgemeng bekannt. Déi hei Situatioun wier also ze anticipéiren gewierscht. Et fänkt een eréischt un d'Série emzerüsten, wann fir de Prototyp d'Zouloossung firläit. An zwar iwerall.

2) Bei de Roulementen an dem Entretien ass Planung alles. D'CFL mecht wahrscheinlech just nach curativen Entretien an kaum préventiven méi. Domatt gëtt de Betrieb zunehmend schwiereg oder onméiglech ze plangen.

3) D'Flottenstratégie ass zimlech onkloer. D'Flott ass extrem morcelléiert. Daat féiert zwangsleefeg zu Ineffizienzen. Wann op 20 Dosto-Rammen souvill Ënnertypen kommen, dann ass en effizienten Asaaz kaum machbar. Emsou méi grouss eng identesch Flott, emsou besser de Rendement (och finanzieller Natur).
Letzte Änderung: 15 Feb 2016 21:07 von Marc Sinner.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
13 Feb 2016 14:48 #4255 von Lemmy
De Probleem ass dat all Daag aaner Situatiounen zesumme kommen.Den revisiounsplang gesait vir datt all Daag eng festgeluenten Reih vun engins an enger Me, VI oder VR GVG etc... virgesinn ass.Gett eng Ram vir 16.00hrs nit faerdeg resp "HS" dann feelt eng fir den service journalier ze maachen.Da muss den PC ufänken di verschidde Lächer ze fëllen (eng 5er rame ass nit asaatzfäheg oder eng Z2 feeelt resp eng 2200er ass mat de Bremsen op der Limit.....etc.) en + muss en da kicken fir z.b. an Daitschland dirf neemen eng 3er Dosto ( an Ausnahmefäll eng 4er) laafen an da kennt nach dobai daat des muss NBÜ hu fir op Koblenz hun.. asw.... Den supergau ass dann wann eng 3000er Männercher mecht (siew et TBL dann dierf se nit méi iwert Grenz fueren etc....)Fir et kurz ze bewchreiwen, et ass all daag een "challenge"fir Lächer di op sinn ze stoppen mat aaneren neie Lächer.,....
Folgende Benutzer bedankten sich: jmo

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
12 Feb 2016 16:06 #4254 von Marc Sinner
Bon, esou eppes hunn ech mer geduecht. Ech verstinn awer net ganz firwaat 5 Automotricen de Problem sinn. Et bleiwen jo nach 17 aner. De Roulement op Athus brauch 3 Ramen.

Mee daat ass nach emmer keen Grond fir déi Zuchleeschtungen ausfaalen ze loossen. Woumatt gëtt dann op Virton a Gouvy gefuer? Wann een esou eng Situatioun huet, dann muss eben en anert Rollmaterial op déi Linn, z.B. 4000 matt Dosto.

Déi aktuell Situatioun beweist, datt d'Eisebunn gären hätt datt sech de Client no hinnen riicht an 30 Minuten éischter fortfiert. Et misst swer sou sinn, datt si sech nom Client riichten.
Folgende Benutzer bedankten sich: jmo

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
12 Feb 2016 08:28 #4252 von Lemmy
Moin...
2200er sin amgaang alleguer op ECTS embebaut ze ginn ( 1 pro mount).
Well schon essaien op der Streck Lux-Thio gemaach gi sinn di cocluant woren dierfen mi "modifizéiert" engins ( 4 oder 5 sin et der am Moment) um RFF laafen.Eis Belsch No^peren stellen sech do e bessi queesch.De Grond ass einfach:Den Embau op ECTS ass een Agreff an d'boucle de sécurité vum engin ( Va, RS, KVB, ECTS...) waat jo eng Modificatioun vun daer boucle ass , et ass jo eng secherheet beikomm, den ECTS.. Daat muss dann vun der SNCB oofgeholl gin a fir gud befonnt ginn.Bis datt daat geschit ass dierf keng 2200er mei op den Réseau SNCB...
Folgende Benutzer bedankten sich: jmo

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
11 Feb 2016 18:26 #4250 von Marc Sinner
Wees een waat den Hannergrond ass vun där Geschicht ass? Sinn d'2200 net méi zougelooss an der Belsch?

Ech fannen daat do extrem lächerlech. Besonnech den Hinweis, d'Leit, déi zu Athus d'Korrespondenz huelen, sollen eng hallef Stonn éischter fueren. Do fueren d'Leit dach direkt mam Auto. Daat do ass net méi sérieux Eisebunn fueren, mee just nach Bananerepublik. D'CFL ass am gaangen sech ofzeschaafen.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
11 Feb 2016 14:12 - 11 Feb 2016 14:13 #4249 von Sud Express
Suppressions des trains Rodange <-> Athus wurde erstellt von Sud Express
Info CFL:

Du lundi au samedi à partir du 17.2.2016
et jusqu'à nouvel avis


Suite à un manque en matériel apte à circuler entre Rodange et Athus, les CFL sont contraints à limiter la majorité des trains à Rodange et de les supprimer entre Rodange et Athus et vice versa. Nous espérons pouvoir limiter cette mesure à quelques semaines. Les trains supprimés sont remplacés par des autobus.

[plus d'info / horaires des trains restants]
Letzte Änderung: 11 Feb 2016 14:13 von Sud Express.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.102 Sekunden
Zum Seitenanfang