Streck Richtung Léck

More
12 Feb. 2016 14:45 #4253 by gilyv051
Replied by gilyv051 on topic Aw: Streck Richtung Léck

Max_goedert wrote: Salut,

ech wollt mol froen ob zu Elwen oder Gouvy och jeweils en aneren Mécanicien den Zuch fir weider Richtung Léck iwwerhellt?
An wou gett eigentlech d'Spannung vun 25kV op 3kV gewiesselt? Kuerz virun Rivage oder net? Wier et an deem Fall theoretesch méiglech eng 2200, 4000 oder Z2 bis dohinner fueren ze loossen? Oder wéi ginn d'Zich an engem Land zougeloos? Well Z2 gesinn ech oft mol zu Gouvy stoen

Merci fir d'Info!


Dat ass deels-deels, et fuere suwuel CFL Mécanicien'en bis Léck an SNCB Mécanicien'en bis an d'Stad.

D'Spannung gett effektiv kuerz virun Rivage gewiesselt. An de spéiden 90er Joren sinn 3600er an Z2 bis Trois-Pont komm (bis dohin houng d'Catenaire), well deemols d'Streck weinst den Elektrifizeirungsarbeschten ennerbrach war an d'CFL ab Trois-Pont mat su zimlech allem wat se haten d'Korrespondenz fir an d'Stad gemat huet.

Bis Aywaille wier en Asaz vu rengem 25kV CFL Material mat belscher Zoulossung theoretesch haut och nach meiglech.
The following user(s) said Thank You: Max_goedert

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

  • Max_goedert
  • Topic Author
  • Offline
  • Senior Member
  • Senior Member
More
11 Feb. 2016 22:57 #4251 by Max_goedert
Streck Richtung Léck was created by Max_goedert
Salut,

ech wollt mol froen ob zu Elwen oder Gouvy och jeweils en aneren Mécanicien den Zuch fir weider Richtung Léck iwwerhellt?
An wou gett eigentlech d'Spannung vun 25kV op 3kV gewiesselt? Kuerz virun Rivage oder net? Wier et an deem Fall theoretesch méiglech eng 2200, 4000 oder Z2 bis dohinner fueren ze loossen? Oder wéi ginn d'Zich an engem Land zougeloos? Well Z2 gesinn ech oft mol zu Gouvy stoen

Merci fir d'Info!

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.159 seconds